Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Gemeng Beefort huet am Kader vun enger klenger Feier siwe Spiller vun de “Beaufort Knights” geéiert, déi bei der Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun, Grupp A, zu Kirgisistan iwwerraschend op déi drëtt Plaz komm sinn an domadder Bronze-Medail gewonnen hunn. Dat waren de Sven Cruchten, Dino an Demir Mededovic, Raoul Kramer, Claude an Nicolas Mossong an dem Sasha Backes. Des Weidere koum nach de Co-Trainer Robert “Robo” Beran zu Éieren, deen hei zu Beefort wunnt.

D’Zil vun der nei formatéierter Nationalekipp am Grupp A vun der drëtter Divisioun ze bleiwen an déi drëtt Plaz mat aacht Punkten no Mätscher hanner Thailand (15 Punkten) a Kirgisistan (zwielef Punkten) ass mat engem klenge Wonner ze vergläichen. Hannendru koumen nach Turkmenistan (sechs Punkten), Mexiko (dräi Punkten) a Südafrika (ee Punkt). Gläich am éischte Mätsch huet Lëtzebuerg mat 3:4 géint Turkmenistan gewonn an esou de Grondstee geluecht. Géint den Organisateur Kirgisistan huet ee 3:7 verluer a mat engem 4:5 no Verlängerung Mexiko geklappt. Mam 4:2 géint Südafrika war praktesch déi drëtt Plaz sécher an dorunner huet och déi 6:1-Néierlag géint Thailand näischt geännert.

Déi geéiert Spiller kruten eng grouss Fläsch Crémant mat hirer Foto an engem Akafsbong vu 50 Euro bei “Asport” am Numm vum Schäffen a Gemengerot iwwerreecht.       

Dernière modification le 09.04.2024

Des articles de la même catégorie

20./21.05: Büroe vun der Gemeng zou

20./21.05: Büroe vun der Gemeng zou

D’Büroe vun der Gemeng sinn e Päischtméindeg, den 20. Mee, an e Päischtdënschdeg, den 21. Mee, zou.  **** Les bureaux de l’administration communale seront fermés le lundi de Pentecôte (20 mai) ainsi que le mardi de Pentecôte (21 mai).

lire plus
Buergermeeschterdag zu Munneref

Buergermeeschterdag zu Munneref

62 vun 100 Gemenge ware gëschter beim Buergermeeschterdag am Casino 2000 zu Munneref vertrueden an ënnert den iwwer 650 Leit war och eng Delegatioun vu Beefort vertrueden. Um Buergermeeschterdag sinn net nëmmen d’Buergermeeschteren ageluede mee och Schäfferéit,...

lire plus
Gutt Stëmmung beim Beeforter Europadag

Gutt Stëmmung beim Beeforter Europadag

Passend zum Europafändel huet sech d’Wieder um Europadag presentéiert: Bloen Himmel an d’Sonn huet geschéngt. Lues awer sécher entwéckelt sech den Europadag zu Beefort zu engem feste Bestanddeel vum Manifestatiounskalenner. Déi éischt Editioun, déi vun der deemoleger...

lire plus
Aller au contenu principal