Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

A senger Sëtzung de 27. Mäerz huet de Gemengerot d’Zesummesetzung vun de berodende Kommissioune gestëmmt (Rapport fir nozeliesen). E Méindegowend sinn d’Membere vun den eenzelne Kommissiounen an de Kummelsbau zesummekomm fir iwwer de President an de Sekretär ofzestëmmen.

An hirer Begréissung hunn déi zwee Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong de Sënn an Zweck vun de berodende Kommissiounen erkläert a wéi se funktionéieren. Wéi den Numm et schonns seet hunn d’Kommissiounen eng berodend Funktioun an d’Décisioune an Iddie ginn dem Schäfferot matgedeelt, deen dann iwwert déi nächst Schrëtt entscheet.

D’Mandat vun de Membere vun de berodende Kommissiounen hält entweder mat enger schrëftlecher Demissioun oder spéitstens bei den nächste Gemengewalen. Theoretesch wier dat am Juni 2029. An dëser Period ginn et e puer nei Kommissiounen, déi et virdrun net gouf, an anerer, bei där sech des Kéier genuch Kandidate gemellt hunn.

D’Zesummesetzung vun den eenzelne berodende Kommissioun ginn et ënnert dësem Link: https://beaufort.lu/la-commune/politique/commissions-consultatives/

Dernière modification le 17.04.2024

Des articles de la même catégorie

20./21.05: Büroe vun der Gemeng zou

20./21.05: Büroe vun der Gemeng zou

D’Büroe vun der Gemeng sinn e Päischtméindeg, den 20. Mee, an e Päischtdënschdeg, den 21. Mee, zou.  **** Les bureaux de l’administration communale seront fermés le lundi de Pentecôte (20 mai) ainsi que le mardi de Pentecôte (21 mai).

lire plus
Buergermeeschterdag zu Munneref

Buergermeeschterdag zu Munneref

62 vun 100 Gemenge ware gëschter beim Buergermeeschterdag am Casino 2000 zu Munneref vertrueden an ënnert den iwwer 650 Leit war och eng Delegatioun vu Beefort vertrueden. Um Buergermeeschterdag sinn net nëmmen d’Buergermeeschteren ageluede mee och Schäfferéit,...

lire plus
Gutt Stëmmung beim Beeforter Europadag

Gutt Stëmmung beim Beeforter Europadag

Passend zum Europafändel huet sech d’Wieder um Europadag presentéiert: Bloen Himmel an d’Sonn huet geschéngt. Lues awer sécher entwéckelt sech den Europadag zu Beefort zu engem feste Bestanddeel vum Manifestatiounskalenner. Déi éischt Editioun, déi vun der deemoleger...

lire plus
Aller au contenu principal