Informatiounsowend fir Veräiner

D’Veräiner aus der Gemeng Beefort waren de leschte Freideg an d’Jugendherberge invitéiert fir un enger Informatiounsversammlung deelzehuelen. D’Thema war dat neit Gesetz fir Associatiounen ouni Gewënnzweck (Asbl) a Fondatiounen, dat zanter dem 23. September 2023 a Kraaft ass. Detailer a praktesch Informatiounen huet de Maître Steve Helminger ginn. Bestoend Associatiounen a Fondatiounen, déi virum 23. September 2023 gegrënnt goufen, hunn zwee Joer Zäit fir Statuten dem neie Gesetz unzepassen. Ganz praktesch ass de Site myasbl.lu, deen dat neit Gesetz erkläert.

Am Laf vum Owend gouf nach eng Kéier d’Offallgesetz kuerz virgestallt an och d’Material, dat d’Gemeng de Veräiner gratis zur Verfügung stellt. Erënnert gouf och nach un de Projet “Green Events” vum Ëmweltministère. Wann ee verschidde Kriterie bei engem Fest erfëllt, da kritt een eng finanziell Ënnerstëtzung vu 1.500 Euro.  

Ofschléissend sief nach eng Kéier drun erënnert, datt Veräiner hir Manifestatiounen zur Zäit matdeele solle fir op der enger Säit een aktuelle Manifestatiounskalenner an der Gemeng ze hunn an och fir méiglech Terminiwwerschneidungen aus dem Wee ze goen.  

Dernière modification le 22.04.2024

Des articles de la même catégorie

20./21.05: Büroe vun der Gemeng zou

20./21.05: Büroe vun der Gemeng zou

D’Büroe vun der Gemeng sinn e Päischtméindeg, den 20. Mee, an e Päischtdënschdeg, den 21. Mee, zou.  **** Les bureaux de l’administration communale seront fermés le lundi de Pentecôte (20 mai) ainsi que le mardi de Pentecôte (21 mai).

lire plus
Buergermeeschterdag zu Munneref

Buergermeeschterdag zu Munneref

62 vun 100 Gemenge ware gëschter beim Buergermeeschterdag am Casino 2000 zu Munneref vertrueden an ënnert den iwwer 650 Leit war och eng Delegatioun vu Beefort vertrueden. Um Buergermeeschterdag sinn net nëmmen d’Buergermeeschteren ageluede mee och Schäfferéit,...

lire plus
Gutt Stëmmung beim Beeforter Europadag

Gutt Stëmmung beim Beeforter Europadag

Passend zum Europafändel huet sech d’Wieder um Europadag presentéiert: Bloen Himmel an d’Sonn huet geschéngt. Lues awer sécher entwéckelt sech den Europadag zu Beefort zu engem feste Bestanddeel vum Manifestatiounskalenner. Déi éischt Editioun, déi vun der deemoleger...

lire plus
Aller au contenu principal