Zwee nei Mataarbechter

D’Administratioun vun der Gemeng Beefort krut an de leschte Woche Verstäerkung. Zanter dem 15. Mäerz ënnerstëtzt d’Lis Brepsom de Populatiounsbüro mam Eliane Seiwert a Sandra Michels. An der Gemengerotssëtzung vum 31. Januar stoungen eelef Kandidaten zur Wiel an d’Lis Brepsom gouf mat de meeschte Stëmmen op dëse Posten ernimmt. Den 8. Mee gouf hatt vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch offiziell vereedegt.

D’Sekretariat ass d’Schnëttstell tëschen der Politik an der Verwaltung. An enger Zäit an däer ëmmer méi spezifesch Gesetzer a Reglementer op der Dagesuerdnung stinn an d’Erausfuerderungen ëmmer méi villfälteg an d’Uspréch méi grouss ginn, brauch ee Fachleit mat Duerchbléck am sougenannte Pabeierdschungel. Zemools an enger Gemeng, déi an de leschte Joren ëmmer méi Awunner zielt. Op Vältesdag huet de Gemengerot eng zukunftsweisend Décisioun getraff. Mat der Nominatioun vum neie Gemengesekretär Christophe Bastos, dee schonns wäertvoll Erfahrung an de Gemengen Dikrech a Konsdrëf gesammelt huet, gëtt d’Sekretariat vun der Gemeng gestäerkt. Zanter dem 1. Mee setzt sech d’Ekipp am Sekretariat zesummen aus dem Christophe Bastos an dem Tessy Pena a si zwee deele sech déi verschidden Aufgaben, déi ustinn.

Mir wënschen hinnen alleguer Bonne Chance a freeën eis op déi gutt Zesummenaarbecht.

Dernière modification le 22.05.2024

Des articles de la même catégorie

Kompensatiounsmoossname vun der ANF op “Kosselt”

Kompensatiounsmoossname vun der ANF op “Kosselt”

Haut de Moie goufen dem Beeforter Schäffen- a Gemengerot déi verschidde Kompensatiounsmoossnamen op “Kosselt” säitens der Natur- a Forstverwaltung virgestallt. No enger kuerzer Aleedung duerch de Mike Molling, Direkter-Adjoint vun der ANF (Administration de la nature...

lire plus
Beefort gedenkt den Affer aus dem Zweete Weltkrich

Beefort gedenkt den Affer aus dem Zweete Weltkrich

Gëschter gouf am Kader vun der “Journée de commémoration nationale” am ganze Land un d’Affer aus dem Zweete Weltkrich geduecht. Den Datum vum nationale Gedenkdag geet op den 10. Oktober 1941 zeréck, wa sech d’Awunner vu Lëtzebuerg bei der Volkszälung eendeiteg zu...

lire plus
Visite vum Chantier op 10, Montée du Château

Visite vum Chantier op 10, Montée du Château

Nach bis haut Donneschdeg lafen d’Energiewochen, déi vum Oekozenter Pafendall an dem Mouvement Écologique organiséiert ginn an ënnert dem Patronage vum Ministère du Logement et de l’Aménagement du Territoire, du Ministère de l’Environnement, du Climat et de la...

lire plus
Aller au contenu principal