Klimapakt-Dag mat Beeforter Bedeelegung

De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit a Klima-Agence hunn op de Klimapakt-Dag 2024 invitéiert, deen an der Chambre des Métiers um Kierchbierg de leschte Freideg stattfonnt huet. Bei dëser Geleeënheet goufen zum Ofschloss d’Klimapakt-Zertifikatiounen iwwerreecht. Bekanntlech huet d’Gemeng Beefort d’lescht Joer mat 90,7 Prozentpunkten dat héchste Resultat an Europa erreecht an déi europäesch Präisiwwerreechung war am November zu Lörrach iwwert d’Bübean gaangen.

De ganze Moie stounge véier fachlech Seancen am Mëttelpunkt: Wärmeplanung an de Gemengen; Economie circulaire an nohaltegt Bauen; Roll vun der Gemeng beim Ausbau vun der Photovoltaik um Gemengenterritoire an ee Workshop zur Klimawandelupassung. D’Ministere Serge Wilmes a Lex Delles hunn am Nomëtteg de Programm fortgesat wärend verschidden Intervenanten d’Schwéierpunkte an d’Conclusioune vun de fachleche Seancen nach eng Kéier kuerz virgestallt hunn.

D’Beeforter Delegatioun huet sech zesummegesat aus dem Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, de Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong, dem Klimapaktberoder Thomas Schlicher, dem Sekretär Christophe Bastos, de Membere vum Service technique mam Marc Rodesch, Claire Picard an Nick Drozda, dem Vertrieder vum Klimapakt-Team Hubert Sauber an ofschléissend nach de Jos. Nerancic.

Dernière modification le 10.06.2024

Des articles de la même catégorie

Meng Gemeng. Meng Kultur

Meng Gemeng. Meng Kultur

67 Gemengen an iwwer 700 Leit hu sech gëschter Donneschdeg um Buergermeeschterdag  2026 bedeelegt, deen am Casino 2000 vun der Munnerefer Gemeng organiséiert gouf. De Buergermeeschterdag riicht sech net nëmmen un d’Buergermeeschteren aus dem ganze Land mee och un...

lire plus
Gutt Stëmmung beim Europadag

Gutt Stëmmung beim Europadag

Vill Sonn, gutt Wieder an eng nach besser Stëmmung. Sou kann een den Europadag 2026 zu Beefort op der “Place des Nations – um Kiosk” zesummefaassen, deen an der Tëschenzäit ee festen Termin am Manifestatiounskalenner huet. Den 9. Mee huet sech zu engem Volleksfest...

lire plus
Aller au contenu principal