Beaufort
14.1°C (13.8 / 14.2)
66%
985 hPa
1.2 m/s
Raf. 2.5 m/s
0 W/m²
0 mm

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend Infrastrukturen zur Verfügung: een Terrain Multisports, Outdoor-Fitness fir Senioren, Outdoor-Fitness fir jiddereen a lo nach Outdoor-Dëschtennis. Den nächste Projet op dësem Site steet schonns an de Startlächer: zwou Piste fir Pétanque. D’Aarbechte fänken nom Congé collectif un.

D’Investitioune belafe sech op ronn 12.300 Euro fir den Outdoor-Dëschtennis a knapps 10.000 Euro fir déi zwou Pétanque-Pisten. Pétanque-Frënn musse sech also nach ee bësse gedëllege fir hei ze spillen a bis dohinner kënne se virun der Jugendherberge hirem Hobby nogoen. Dëst ass héchstwahrscheinlech eng Plaz, vun där bestëmmt net vill Leit wëssen.

Dernière modification le 24.07.2024

Des articles de la même catégorie

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op...

lire plus
Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe...

lire plus
Aller au contenu principal