Generatiounsfest – Fête des Générations

D’Kommissioun vum Drëtten Alter an d’Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen an Zesummenaarbecht mat de lokale Veräiner an Ënnerstëtzung vun der Gemeng op dat éischt Generatiounsfest op der Place des Nations (Kiosk) e Samschdeg, de 6. September, ab 11 Auer.

Fir Musek an Animatioun fir all Generatioun ass de ganzen Dag gesuergt. Virbestellunge vum Menü (kalen oder vegetaresche Plat mat Kaffi a Kuch fir 25 Euro) ginn der E-Mail-Adress population@beaufort.lu bis den 31. August ugeholl.

Bei schlechtem Wieder gëtt d’Fest op d’Äispist verluecht.

**** 

La Commission du Troisième Âge et la Commissioun du Vivre-Ensemble interculturel en collaboration avec les associations locales et avec le soutien de la commune invitent à la première édition de la « Fête des Générations » à la Place des Nations (kiosque) le samedi 6 septembre à partir de 11 heures.

De la musique et de l’animation pour toutes les générations sont prévues tout au long de la journée. Les réservations pour le menu (plat froid ou plat végétarien avec café et gâteau pour 25 euros) se font jusqu’au 31 août par courriel à l’adresse population@beaufort.lu.

En cas de mauvais temps la fête sera reportée à la patinoire.

Dernière modification le 11.08.2025

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser...

lire plus
Aller au contenu principal