Beaufort
13.1°C (13 / 13.2)
95%
987 hPa
1.2 m/s
Raf. 2 m/s
0 W/m²
0 mm

Led-Luuchten, Waassersail a Beach-Volley

An de leschte Woche gouf um Site virun der Äispist fläisseg geschafft a gläichzäiteg konnten e puer Projeten ofgeschloss ginn. Doduerch hëlt dëst Areal ëmmer méi eng nei Gestaltung un a fuerdert d’Zesummeliewen an der Gemeng.

Zur Zäit iwwerhuele se nach keng wichteg Roll mee hir Aufgab wäert an den nächste Wochen a Méint ëmmer méi siichtbar sinn. Wuertwiertlech. De Wee laanscht déi verschidden Outdoor-Fitnessgeräter gëtt mat der Hëllef vu solarbedriwwene Led-Luuchte bei der entspriechender Däischtert beliicht.

Pénktlech fir eng kleng Hëtztwell gouf laanscht dem Wee um Eck vum Terrain Multisports a virun der Holzbänk nach eng Waassersail installéiert. Et braucht een nëmmen de Knäppchen op der lénker Säit vun der Sail ze drécken a schonns kënnt uewen Drénkwaasser eraus. Sou ka jidderee säin eegene Bidon mat Waasser fëllen a sech erfrëschen.

Den neien Terrain fir de Beach-Volleyball ass och fäerdeg an et kann een och drop spillen. Jiddereen ass häerzlech invitéiert dëse beléifte Sport kennenzeléieren. D’Wieder an den nächsten Deeg ass op jidde Fall villverspriechend an déi gesammelt Erfarung wäert spéitstens an den nächste Jore vu Virdeel sinn.

Dernière modification le 12.08.2025

Des articles de la même catégorie

Erweiderung an Amenagéierung vum Beeforter Kierfecht

Erweiderung an Amenagéierung vum Beeforter Kierfecht

An der Gemengerotssëtzung vum 30. September 2025 huet de Gemengerot eestëmmeg de Projet vun der Erweiderung an Amenagéierung vun de Kierfechter zu Beefort an Déiljen gestëmmt. Den Devis beleeft sech op insgesamt 1.233.297,70 Euro. Dëse Betrag setzt sech zesummen aus...

lire plus
Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op...

lire plus
Aller au contenu principal