Beaufort
9.3°C (9.2 / 9.4)
87%
974 hPa
5 m/s
Raf. 5.5 m/s
81 W/m²
0 mm

Beeforter Musikante fir den Hämmelsmarsch gesicht

Dëst Joer spillt d’Bäertrefer Musik rëm den Hämmelsmarsch am Kader vun der Beeforter Kiermes e Sonndeg, de 5. Oktober. An der rezenter Vergaangenheet hu schonns Musikanten aus der Gemeng Beefort de symboleschen Hämmelsmarsch gespillt an de Cortège ugefouert.

Et wier flott an ze begréissen, datt dëse Kiermessonndeg, de 5. Oktober, sech Beeforter Musikante vun all Alter mol fir dës Geleeënheet sech géifen un der Beeforter Kiermes musikalesch bedeelegen a sech der Bäertrefer Musik uschléissen. Jidderee ka säin eegent Instrument matbréngen a matspillen.

Wien also interesséiert ass d’Bäertrefer Musik beim Beeforter Hämmelsmarsch ze ënnerstëtzen ass gebiede si ënnert der E-Mail harmonie.berdorf@outlook.com oder Telefon 691 543 214 (Pierre Laugs) ze kontaktéieren. Des Weidere stinn d’Diere vun der Bäertrefer Musik grouss op fir och nei Musikante vu Beefort opzehuelen.

Dernière modification le 21.08.2025

Des articles de la même catégorie

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Gëschter gouf zu Déiljen den Nationale Gedenkdag an der Gemeng Beefort zesumme mat der Déiljer Kiermes zelebréiert. Den Datum vun der Kiermes zu Déiljen riicht sech nom Patréiner vun der Kierch, dem hellege Lucas. Säin Datum ass den 18. Oktober an dëst Joer ass deen...

lire plus
Aller au contenu principal