Beaufort
9.5°C (9.3 / 9.8)
94%
968 hPa
2.5 m/s
Raf. 4.3 m/s
21 W/m²
0.1 mm

Visitte vum Minister Eric Thill

Haut am Nomëtteg koum de Kulturminister Eric Thill op Beefort fir sech iwwert den Natur-a Geopark Mëllerdall (NGPM) ze informéieren. Begleet gouf hie vun den Damme Simone Beck a Catherine Decker, déi ënner anerem als Presidentin a Sekretärin an der “Commission nationale pour la Coopération avec l’Unesco” täteg sinn. Bekanntlech gehéiert den Natur- a Geopark Mëllerdall zum weltwäite Reseau vun den “Unesco Global Geoparks”.

No enger kuerzer Begréissung duerch de Buergermeeschter a Member vum Büro vum NGPM Jean-Luc Nosbusch huet den Direkter vum NGPM, Claude Petit, dem Kulturminister Eric Thill déi verschidden Aufgabegebitter vum Natur- a Geopark virgestallt. Uschléissend stoung de Chantier vum neie Centre d’Accueil um Programm, dee vum Marc Rodesch vum Service technique vun der Gemeng Beefort erkläert gouf. Beim Rondgang hunn den éischte Schäffe Bruno Grilo, de Patrick Hierthes vum Büro vum NGPM an d’Birgit Kausch vum NGPM de Gäscht nach zousätzlech Informatioune ginn.

Ofgeschloss gouf d’Visitte vum Kulturminister Eric Thill an der Ausstellung vum Natur- a Geopark Mëllerdall, déi all Dag vun 10 bis 17 Auer an der fréierer Jugendherberge op Nummer 6, rue de l’Auberge hei zu Beefort op ass.

Dernière modification le 15.09.2025

Des articles de la même catégorie

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Gëschter gouf zu Déiljen den Nationale Gedenkdag an der Gemeng Beefort zesumme mat der Déiljer Kiermes zelebréiert. Den Datum vun der Kiermes zu Déiljen riicht sech nom Patréiner vun der Kierch, dem hellege Lucas. Säin Datum ass den 18. Oktober an dëst Joer ass deen...

lire plus
Aller au contenu principal