Et war genau 13.40 Auer wéi de Cycliste Joshua Amos Gudnitz mat der Nummer 181 déi éischt Biergwäertung vun der drëtter Etapp vum “Tour du Luxembourg” fir sech entscheede konnt. Déi drëtt Etapp huet säin Depart zu Mäertert an d’Arrivée ass no 170,5 Kilometer zu Veianen um Schlass. 42,6 Kilometer no Mäertert war de Passage zu Beefort an et ware siwe Leit, déi ronn fënnef Minutten Avance op de Peloton haten.
Ënnendrënner sinn e puer Andréck vun der Vëloscourse op der Kräizung vun der Rue du Château mat der Grand-Rue an d’Cycliste sinn iwwert d’Eppelduerferstrooss weider op Eppelduerf gefuer.