Respekt fir de Generatiounsgaart – Respect pour le Jardin des Générations

De Generatiounsgaart leeft no den Ethike vun der Permakultur an am Aklang vum natierleche Rhythmus vun der Natur. Et ginn Zäite wann am Gaart geplanzt gëtt an och Zäite wann ee plécken a sammelen däerf fir säi perséinleche Bedarf an och fir d’Projete vun de Schoulkanner ze schützen.

Zum bessere Versteesdemech ginn et op verschidde Plaze Schëlder, déi drop hiweise wat erlaabt ass a wat net. Bei de grénge Punkten däerf ee plécken a sammelen a bei de roude Punkten ass et verbueden. Dës Kennzeechnung erméiglecht et dem Generatiounsgaart säin natierleche Rhythmus ze befollegen an anzehalen. Jee no Joreszäit an Zäitpunkt ännert sech och de jeeweilege Status op de verschidde Plazen.

De Generatiounsgaart an d’Natur soen Iech villmools Merci fir de Respekt an d’Anhale vun de Reegelen. Dëse Merci kënnt a Form vu frëschen an zeidege Produite wann et souwäit ass.

Des Weideren ass de Generatiounsgaart eng Plaz fir jiddereen an aus deem Gronn ass ee erlaabt fir säi perséinlechen an deegleche Gebrauch ze plécken. Am Generatiounsgaart hunn eng Rei Schoulklassen aus Beefort verschidde Projete lafen an dat fänkt mam Uplanzen un a heegen a fleegen de Gaart méintelaang mat vill Léift a Begeeschterung. Et mécht si immens traureg, wa se zur Zäit vun der Recolte hiert eege Resultat net kënne genéisse well verschidde Leit entweder fréizäiteg oder a grousse Quantitéiten déi natierlech Gofe fir sech an Usproch huelen an net un hir Matmënschen denken.

Sollten iergendwellech Froen am Gaart sinn, da kann ee sech roueg un d’Cindy Ries oder de Juan Omar wenden, déi hëllefsbereet sinn a weider Informatioune kënne ginn.

****

Le Jardin des Générations fonctionne selon les principes éthiques de la permaculture et en harmonie avec le rythme naturel de la nature. Il existe des périodes où l’on plante dans le jardin et d’autres moments où l’on peut cueillir et récolter, tout en veillant à protéger l’usage personnel ainsi que les projets des écoliers.

Pour une meilleure compréhension, des panneaux sont installés à différents endroits afin d’indiquer ce qui est permis et ce qui ne l’est pas. Aux points verts, il est possible de cueillir et de récolter, tandis qu’aux points rouges cela est interdit. Ce système de signalisation permet de respecter et de suivre le rythme naturel du Jardin des Générations. Selon la saison et le moment, le statut des différentes zones peut varier.

Le Jardin des Générations et la nature vous remercient sincèrement pour le respect et l’observance des règles. Ce remerciement prend la forme de produits frais et savoureux lorsque le moment est venu.

Par ailleurs, le Jardin des Générations est un lieu ouvert à tous, et il est donc permis d’y cueillir uniquement pour son usage personnel et quotidien. Plusieurs classes d’école de Beaufort y mènent différents projets : elles commencent par planter, puis entretiennent et soignent le jardin durant des mois avec beaucoup d’amour et d’enthousiasme. Cela les attriste profondément lorsque, au moment de la récolte, elles ne peuvent pas profiter du fruit de leur travail, parce que certaines personnes se servent trop tôt ou en trop grandes quantités, sans penser aux autres.

En cas de questions dans le jardin, vous pouvez vous adresser à Cindy Ries ou Juan Omar, qui seront heureux de vous aider et de donner plus d’informations.

Dernière modification le 03.10.2025

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal