Am Verglach mat de Feierlechkeeten zum Trounwiessel den Dag virdru konnt d’Beeforter Kiermes, trotz enger kuerzer hefteger Reeschauer an der Mëttesstonn, bei engem typeschen Hierschtwieder iwwer d’Bün goen.
Ugefaangen huet den Dag mat enger Kiermesmass, déi vun de Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler encadréiert gouf. De Paschtouer Carlo Morbach ass an der Kiermesmass op d’Geschicht an d’Entwécklung vun der kathoulescher Kierch agaangen. D’Beeforter Kiermes fält op de Méchelsdag a wann deen Dag net op engem Sonndeg läit, da gëtt d’Kiermes den éischte Sonndeg nom Méchelsdag gefeiert. Des Weideren ass d’Schwëster Petronella (Nelly) Maria Boonen op hir Missiounstätegkeeten (Vergebung a Gerechtegkeet) a Brasilien agaangen, wou si zanter Oktober 1986 aktiv ass.
No der Kiermesmass huet d’Harmonie Berdorf den Hämmelsmarsch gespillt an am Cortège goung et zesummen op d’Place des Nations. Nom Duerchschneide vum Bändchen gouf de Kiermespatt, Kiermeskuch a Kiermesham zerwéiert. Selbstverständlech huet d’Kiermesdrëpp net dierfte feelen an d’Pappe krute fir Pappendag eng kleng Séissegkeet geschenkt.
Trotz enger “Kiermesschauer” si vill Beeforter am Laf vum Nomëtteg bei de Kiosk komm a konnten d’Ambiance vun der Kiermes profitéieren. Fir Animatioun hunn ënner anerem d’Optrëtt vun de “Les Brasseurs” an dem Zauberer Tonga gesuergt an den “DJ Backy” huet och Kiermesmusek opgeluecht. Kanner hu sech beim Facepainting an op de sëllege Kiermesspiller zesumme mat den Elteren an Erwuessenen ameséiert. Iessen a Gedrénks gouf vun de lokale Veräiner ugebueden an ofgeronnt gouf d’Kiermes mat engem Floumaart vu Grouss a Kleng.




