Gutt Stëmmung beim Europadag

Vill Sonn, gutt Wieder an eng nach besser Stëmmung. Sou kann een den Europadag 2026 zu Beefort op der “Place des Nations – um Kiosk” zesummefaassen, deen an der Tëschenzäit ee festen Termin am Manifestatiounskalenner huet. Den 9. Mee huet sech zu engem Volleksfest entwéckelt a zitt nieft de Beeforter Bierger ëmmer méi Leit aus der Géigend un.

Ugefaangen huet den Dag mat enger Begréissung vun den neien Awunner an der Gemeng Beefort, déi sech an de leschten zwielef Méint hei ugemellt hunn. Den offizielle Start vum Europadag hunn d’Éisleker Stëmmungsbléiser mat engem Concert-apéritif gemaach. Héich an d’Luucht goung et uschléissend mat “Aramelo”. D’Mara an den Elo, een artisteschen Duo am Trampolin a Buedemakrobatik, hu mat hiren zwou Virféierungen um Trampolin bei Grouss a Kleng fir Begeeschterung gesuergt.

Rhythmesch Musek a vill Beweegung. Dat ass Zumba an d’Optrëtter vun de Kanner an den Erwuessener ënnert der Leedung vum Cristina Bandeira hu souwuel d’Acteuren an de Publikum häerzlech genoss. Bei dëser Editioun vum Europadag goufen et zwou Virstellunge vu Folklore-Gruppen. Fir d’éischt ass de Grupp “Vallée des Sept Châteaux” a méi spéit den ungareschen Danzgrupp “Hatekicsi” opgetrueden.

Den Héichpunkt vum Dag war d’Show vum sechsfache Weltmeeschter am BMX-Freestyle-Flatland Jorge “Viki” Gomez.  De gebiertege Spuenier wunnt zanter iwwer eng Dose Joren hei zu Lëtzebuerg an zu Beefort huet eng Rei Konschtwierker op zwee Rieder gewisen an d’Leit faszinéiert. No der Show huet hien Autogrammer geschriwwen an d’Kanner an engem Workshop gecoacht.

Den Europaquiz huet natierlech net dierfte feelen. Nieft der richteger Äntwert huet ee missten och séier sinn a sech net iere loossen. Ofgeschloss gouf den Europadag um Kiosk mat “BMAD”, eng Band mat Boogie-Woogie, Blues a Jazz am Gepäck. D’Afterparty war am “Fly” mam “DJ Ray”.

Ofschléissend hiewe mer nach ervir, datt lokal Veräiner fir Iessen a Gedrénks gesuergt hunn an um Site de ganzen Dag een Hobby- a Floumaart an Animatioun fir d’Kanner ugebuede gouf.

Dernière modification le 11.05.2026

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Aller au contenu principal