Beaufort
16.1°C (15.9 / 16.2)
93%
983 hPa
1 m/s
Raf. 1.5 m/s
22 W/m²
0 mm

Meng Gemeng. Meng Kultur

67 Gemengen an iwwer 700 Leit hu sech gëschter Donneschdeg um Buergermeeschterdag  2026 bedeelegt, deen am Casino 2000 vun der Munnerefer Gemeng organiséiert gouf. De Buergermeeschterdag riicht sech net nëmmen un d’Buergermeeschteren aus dem ganze Land mee och un d’Schäffen- a Gemengeréit an och un d’Gemengepersonal. D’Gemeng Beefort war mat insgesamt 17 Leit zu Munneref vertrueden.

Dëst Joer stoung d’Kultur mam Motto “Meng Gemeng.Meng Kultur” am Mëttelpunkt. No der Begréissung duerch de Munnerefer Buergermeeschter Steve Reckel an enger Interventioun vum Anne Calteux vun der europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg huet de Kulturminister Eric Thill den nationale Aktiounsplang “Zougang zur Kultur” virgestallt wou d’Gemengen eng Schlësselroll als kulturell Acteuren duerstellen. Dëse Plang ass a verschidden Themen ënnerdeelt an dozou zielen d’Kulturliewen an d’Ee-Prozent-Gesetz, Archiven a Bibliothéiken an net ze vergiessen d’Lëtzebuerger Sprooch. Zur Sprooch koum och d’Iddi vun engem Coordinateur culturel regional. De Buergermeeschterdag war och de Startschoss vun dësem innovative Programm am Beräich vun der Kultur an de Kulturministère gesäit d’Gemengen als Partner op Aenhéicht.

Den Emile Eicher, Präsident vum Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises) huet ënnerstrach, datt d’Gemengen ee wichtegen Acteur am Kulturberäich, de vill Facetten huet, sinn. Des Weideren ass hie kuerz op d’Aarbecht vum Syvicol agaangen, deen d’lescht Joer net manner wéi 60 Avisen zu Gesetz- a Reglementsprojeten ofginn huet. A sengen Ausféierungen ass hien op och op de Volet Formatioun continue agaangen. Den Inneminister Léon Gloden huet ënnerstrach, datt den Dialog mat de Gemenge lieft. Weider Punkten a senger Ried waren d’Stäerkung vun de Gemenge-Servicer, Vereinfachung vun de Prozedure fir méi a méi séier ze bauen, méi Resilienz fir d’Gemengen an, datt d’Gemeng ee Service-Betrib fir d’Bierger ass.

Dernière modification le 22.05.2026

Des articles de la même catégorie

Erweiderung an Amenagéierung vum Beeforter Kierfecht

Erweiderung an Amenagéierung vum Beeforter Kierfecht

An der Gemengerotssëtzung vum 30. September 2025 huet de Gemengerot eestëmmeg de Projet vun der Erweiderung an Amenagéierung vun de Kierfechter zu Beefort an Déiljen gestëmmt. Den Devis beleeft sech op insgesamt 1.233.297,70 Euro. Dëse Betrag setzt sech zesummen aus...

lire plus
Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op...

lire plus
Aller au contenu principal