Parking “Härewiss” ass rëm op

Zanter haut de Mëtteg ass den neien an amenagéierte Parking “Härewiss” rëm fir jiddereen op. Am Ganze ginn et lo 29 Plazen an eng Plaz ass fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit reservéiert. Souwuel op der lénker Säit (206 Quadratmeter) an och op der rietser Säit (180 Quadratmeter) gouf ee groen ekologesche Pavé (20 x 20 x 8 cm) geluecht. Anthracite Pavé markéiert déi 15 Stellplazen op der lénker Säit a 14 Stellplazen op der rietser Säit. Den offiziellen Devis fir dës Aarbechten, déi vum 1. bis de 17. Oktober gedauert hunn, beleeft sech op 42.626,61 Euro TTC.

Ofschléissend gëtt drun erënnert, datt laut dem Artikel 7 vum aktuelle Policereglement d’Dauer vum Stationéieren op ëffentleche Plazen ewéi dëse Parking “Härewiss” op 24 Stonne limitéiert ass.

Link zum Policereglement: https://beaufort.lu/citoyen/guichet/reglement-de-police-de-la-commune-de-beaufort/

****

Le parking « Härewiss » est ouvert

Depuis aujourd’hui à midi, le nouveau parking aménagé « Härewiss » est à nouveau accessible à tout le monde. Au total, il y a désormais 29 places de stationnement, dont une réservée aux personnes à mobilité réduite. Tant du côté gauche (206 mètres carrés) que du côté droit (180 mètres carrés), un pavé écologique gris (20 x 20 x 8 cm) a été posé. Des pavés anthracite délimitent les 15 places de stationnement sur le côté gauche et les 14 places sur le côté droit.
Le devis officiel pour ces travaux, réalisés du 1er au 17 octobre, s’élève à 42.626,61 euros ttc.

Enfin, il est rappelé que, conformément à l’article 7 du règlement de police en vigueur, la durée maximale de stationnement sur les places publiques comme ce parking « Härewiss » est limitée à 24 heures.

Lien vers le règlement de police : https://beaufort.lu/citoyen/guichet/reglement-de-police-de-la-commune-de-beaufort/

Dernière modification le 17.10.2025

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal