Waasserbaseng “Hondsbierg“ zu Déiljen ageweit

Knapps ee Joer no der Aweiung vum Waasserbaseng “op der Heed” zu Beefort gouf gëschter de Waasserbaseng “Hondsbierg” zu Déiljen offiziell ageweit. Dëst a Präsenz vum Inneminister Léon Gloden an dem Tom Schaul, deen den Ëmweltminister Serge Wilmes vertrueden huet, dee sech kuerzfristeg ofgemellt huet.

Mat dëser Aweiung ass de grousse Projet vun engem zweete Standbeen bei der Waasserversuergung an der Gemeng Beefort ofgeschloss. Virdru gouf et an der Gemeng Beefort dräi verschidde Waasserreseauen. Beefort krut säi Waasser aus de Quelle vum Schiessentümpel am Mëllerdall, Déiljen aus de Quelle Cloosbierg a Grondhaff aus der Quell Grondhaff an zum Deel och Cloosbierg.

D’Iwwerschwemmunge vum 1. Juni 2018 hu bewise wéi empfindlech d’Waasserversuergung an der Gemeng Beefort ass. Haut kënnt d’Drénkwaasser an der Gemeng Beefort haaptsächlech aus de Quelle Cloosbierg zu Déiljen a Grondhaff. D’Waasser geet iwwert eng modern Waasseropbereedungsanlag um Cloosbierg zu Déiljen an den neie Waasserbaseng “Hondsbierg”. An dësem Waasserbaseng, dee ronn véier Milliounen Euro kascht, gëtt d’Waasser an den Uertschaften Déiljen a Grondhaff verdeelt. Dernieft ass hei eng Pompelstatioun integréiert, déi d’Waasser an de Waasserbaseng “op der Heed” zu Beefort erop pompelt an esou d’Waasserversuergung zu Beefort ofséchert.

Des Weidere goufe bei den Terrassementsaarbechte bal 3.000 Kubikmeter Buedem beweegt, 275 Kubikmeter arméierte Bëton a 35 Tonne Stol verschafft, eng Buerung vun 90 Meter Déift duerchgefouert an um Daach eng Fotovoltaikanlag vun ongeféier 50 kWp installéiert.

Den aktuelle Waassereseau zu Beefort
Iwwer d’Wanterméint ka sech d’Gemeng Beefort aus den eegene Quelle mat Drénkwaasser selwer versuergen. An de Summerméint ass dat awer net de Fall an dee Moment kann een op d’Waasser aus dem Mëllerdall mat der besteeënder Leitung zréckgräifen. Et gi méi Ursaachen, datt am Summer méi Waasser verbraucht gëtt. Op der enger Säit ass dat bedéngt duerch den Tourismus an d’Campinger an op der anerer Säit bei den Awunner, déi mat Drénkwaasser hire Wues a Gaart netzen an awer och hir Schwämmen opfëllen.

Deen elo fäerdege Waasserreseau an der Gemeng kann och an Noutfäll fir proppert a sécher Drénkwaasser suergen. Sollt d’Qualitéit net den Normen entspriechen, da kann de Waasserbaseng “op der Heed” d’Uertschaften Déiljen a Grondhaff mat Waasser aus dem Mëllerdall versuergen. Ewéi een d’Waasser aus dem “Hondsbierg” erop pompele kann, sou ass et och méiglech ëmgedréit Waasser vun “op der Heed” déi zwou Cuvë vu jeeweils 175 Fudder am “Hondsbierg” ze fëllen.

Den Zougank zu propperem Drénkwaasser ass ee Grondrecht an eng Käraufgab vun de Gemengen esou den Inneminister Léon Gloden. Proppert Waasser ass keng Selbstverständlechkeet well ronn zwou Milliarden Mënschen hu kee reegelméissegen Zougank dozou. Investissementer an d’Waasserinfrastruktur stäerken an d’Resilienz vun de Gemengen. Gläich am Ufank vu senger Ried huet hien de Beeforter “Knights Girls” zum Lëtzebuerger Champions-Titel felicitéiert, een Titel, deen an der Lëtzebuerger Äishockey-Geschicht fir déi éischte Kéier ausgedroe gouf. Gespillt gouf um Äis, och eng Eegenschaft vum Waasser. A propos Waasser. Passend zum Thema huet et och gereent, an dat net wéineg.

Impressiounen aus dem Waasserbaseng
Dernière modification le 17.03.2026

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal