Beaufort
14.4°C (14 / 14.9)
84%
970 hPa
1.5 m/s
Raf. 2.5 m/s
114 W/m²
0 mm

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Virgëschter Owend huet de Schäfferot op een Austausch mat de lokale Veräiner an de berodende Kommissiounen invitéiert. Wärend dem Owend goufen d’Manifestatiou­ne virgestallt, déi d’Gemeng am Laf vum Joer organiséiert, an och wéi eng Méig­lechkeeten d’Veräiner a Kommissiounen hu fir sech mat anzebréngen.

Zu de Manifestatiounen, déi d’Gemeng zesumme mat de Veräiner organiséiert, zielen dëst Joer den Europadag (9. Mee), d’”Nuit du Sport” (6. Juni), d’Feierlechkeeten am Kader vum Nationalfeierdag (22. Juni), den Open-Air-Kino (am Juli) d’Generatiounsfest (19. September) an d’Kiermes (4. Oktober). An de leschte Joren hunn dës Veranstaltungen eng ëmmer gréisser Envergure kritt a sou een Austausch wéi virgëschter hëlleft jidderengem seng Erfarungswäerter mat anzebannen an ze kommunizéieren. Obwuel sech d’Organisatioun an den Oflaf vum Dag mat der Zäit schonns verbessert hunn, wëll een an Zukunft op dësem Gebitt nach besser opgestallt sinn.

Déi grouss Präsenz vun de Veräiner a Kommissiounen ënnersträicht d’Wichtegkeet vu sou engem Austausch. Ofgeschloss gouf den Owend mat engem vun der Gemeng offréierte Patt mat klengen Häppercher.

Dernière modification le 25.03.2026

Des articles de la même catégorie

Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter haut Freideg sti rëm Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier op Nummer 55, route de Dillingen. Am Ganze goufen dräi Container opgestallt an an der Reegel gi se freides eidel gemaach. An nächster Zukunft kommen nei Pechbiller drop an duerno ginn d’Awunner...

lire plus
Aller au contenu principal