Beaufort
18°C (17.6 / 18.5)
66%
966 hPa
0 m/s
Raf. 0 m/s
0 W/m²
0 mm

Iwwer 100 Participantë bei der éischter “Nuit du Sport”

56 Gemengen aus dem ganze Land hu bei der dësjäreger “Nuit du Sport” matgemaach an d’Gemeng Beefort war fir déi éischte Kéier dobäi. Ronn 80 Kanner an 30 Erwuessener hu sech bei der éischter Beeforter Sportsnuecht bedeelegt.

D’Sportsaktivitéiten hu sech vun der “Place des Nations” bis hannert der Jugendherberge verdeelt. Nieft de lokale Sportsveräiner waren och Veräiner aus der Géigend präsent an hunn hir Sportaart virgestallt. Op de verschidde Statioune konnt een u follgend Aktivitéite gratis schnupperen: Judo (Judo Club Beaufort-Echternach), Äishockey (Beaufort Knights), Basketball (BBC US Hiefenech), Vëlosparcours (Knight Riders Beaufort), Spillparcous (Guiden a Scoute Beefort), Walking (Wanderfrënn Beefort), Petanque (Bullemettien Schieren), Zumba, Orientatiounscourse (Adventure Race Beaufort), Bouschéissen (Jugendherberge) an Outdoorgymnastik (My Outdoor gym).

Op all Statioun kruten d’Participanten ee Stempel a wann een der op mannst aacht Stéck gesammelt huet, da krut een ee Cadeau iwwerreecht: eng Drénkfläsch mam Beeforter Logo. Wien dës Première zu Beefort verpasst huet, dee ka sech den Datum vum nächsten Joer mierken. An der Reegel ass et den éischte Samschdeg am Juni an dat wier de 5. Juni 2027.

Sou laang muss een allerdéngs net waarden: E Freideg, de 26. Juni, gëtt um 16 Auer de Site op der “Fräizäitplaz” ageweit an hei gi rëm sportlech Aktivitéite fir jiddereen ugebueden. Ënnert de Fotoe vum leschte Samschdeg ass déi offiziell Aluedung.

Dernière modification le 08.06.2026

Des articles de la même catégorie

Aktuell Wiederdaten um Site vun der Gemeng

Aktuell Wiederdaten um Site vun der Gemeng

Zanter enger Zäitche gëtt et hannert dem Pompjeesbau vum CGDIS eng Wiederstatioun. Dës Wiederstatioun gouf an Zesummenaarbecht mam “List” (Luxembourg Institute of Science & Technology) opgeriicht. D’Date vun der Wiederstatioun sinn elo online a si stinn direkt...

lire plus
Stroossenaarbechten an der Halerstrooss

Stroossenaarbechten an der Halerstrooss

Zur Zäit gi Stroossenaarbechten an der Halerstrooss duerchgefouert. Un dësen Aarbechte si souwuel d’Post an d’Creos bedeelegt. Wärend d’Creos déi besteeënd Leitungen ersetzt baut d’Post gläichzäiteg hiert d’Glasfasernetz aus. Esou kommen d’Awunner aus dësem Deel vum...

lire plus
Aller au contenu principal