Beaufort
8.9°C (8.8 / 9.1)
87%
969 hPa
2.3 m/s
Raf. 3 m/s
0 W/m²
0 mm

“Open Air Kino” op der Äispist

No der Première d’lescht Joer am Juli stoung de leschte Weekend rëm den “Open Air Kino” op der Äispist um Programm. Et war eng gemeinsam Organisatioun vun der Gemeng Beefort zesumme mat der “Elterevereenegung Beefort”, de “Beeforter Duerffrënn”, den “Knight-Riders Beaufort” an dem “Ciné Scala” vun Dikrech.

Gewise goufe vun e Freideg bis e Sonndeg follgend Filmer: “The Super Mario Galaxy Movie”, “Spiderman: Brand New Day” a “Paw Patrol: The Dino Movie”. Sämtlech Filmer waren a däitscher Sprooch an ugefaangen hunn d’Filmer nodeems et däischter ginn ass. Am Verglach mam leschte Joer (Ufank Juli) goufen d’Filmer dës Kéier vill éischter op der mobiller Leinwand projezéiert. Ëmmerhi waren dat bal annerhallef Stonn.

An dësem Beeforter “Open Air Kino” herrscht eng besonnesch Atmosphäre. An den éischte Reie stinn d’Ligestill an deenen ee gemittlech d’Filmer ukucke kann a vun hanne kënnt den Doft vum frësche Popcorn, dee souwuel bei de Kanner an den Erwuessene besonnesch beléift ass. Den Entrée war iwwregens gratis.  

Dernière modification le 31.08.2026

Des articles de la même catégorie

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Gëschter gouf zu Déiljen den Nationale Gedenkdag an der Gemeng Beefort zesumme mat der Déiljer Kiermes zelebréiert. Den Datum vun der Kiermes zu Déiljen riicht sech nom Patréiner vun der Kierch, dem hellege Lucas. Säin Datum ass den 18. Oktober an dëst Joer ass deen...

lire plus
Aller au contenu principal