Beaufort
5.8°C (5.7 / 5.9)
90%
968 hPa
5.7 m/s
Raf. 7.6 m/s
0 W/m²
0 mm

“Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen” ënnerschriwwen

Gëschter Donneschdeg hunn am Kummelsbau d’Gemengen aus dem Natur- a Geopark Mëllerdall a Presenz vum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn, souwéi vum Syvicol-Vertrieder Michel Malherbe de “Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen” ënnerschriwwen. Mat dësem Schrëtt ënnersträiche si hiert Engagement fir een oppent, inklusiivt an divers Zesummeliewen an der Regioun.

De Pakt, dee vum Ministère initiéiert gouf, bitt de Gemengen an de regionalen Acteuren e verbindleche Kader, fir dat interkulturellt Zesummeliewe gezielt ze stäerken. Am Mëttelpunkt stinn den Ausbau vu Méiglechkeete fir Begéinung an Austausch, d’Fërderung vun der gesellschaftlecher Bedeelegung an d’Unerkennung vun der kultureller Villfalt. Als regionalen Acteur wëll den Natur- a Geopark dës Ziler gemengeniwwergräifend ënnerstëtzen. Eng méi staark Koordinatioun an Zesummenaarbecht op regionalem Niveau erméiglecht et, Erfarungen ze bëndelen, gemeinsam Projeten ze entwéckelen an déi bestoend Offere besser openeen ofzestëmmen. Erfollegräich Initiativen aus eenzele Gemenge kënnen doduerch méi siichtbar gemaach, gedeelt an op aner Gemengen iwwerdroe ginn. Déi enk Zesummenaarbecht mat de Gemenge bleift dobäi vun zentraler Bedeitung. Si kennen d’Besoine vun hirer Bevëlkerung a verfügen iwwer wäertvoll Strukturen, un déi regional Mesurë kënnen uknäppen. Den Natur- a Geopark wëll dësen Austausch weider fërderen an dozou bäidroen, gemeinsam Approchen a Projeten ze entwéckelen.

Mat der Ënnerschrëft vum “Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen” setzen d’Gemengen aus dem Natur- a Geopark Mëllerdall e kloert Zeeche fir Villfalt, Bedeelegung a gesellschaftlechen Zesummenhalt. Gläichzäiteg gëtt domat d’Grondlag geschaf, fir déi regional Zesummenaarbecht an dësem Beräich weider auszebauen an zesumme mat de Gemenge konkret Impulser fir e gutt Zesummeliewen an der Regioun ze setzen.

Dernière modification le 04.09.2026

Des articles de la même catégorie

Méi Sécherheet fir jiddereen

Méi Sécherheet fir jiddereen

391.950 Euro investéiert d’Gemeng Beefort an d’Sécherheet vun de Visiteure vun der Äispist an de komplette Site mam Aktiv-Park abegraff. Dee Montant gouf an der Gemengerotssëtzung vum 16. Dezember 2025 eestëmmeg gestëmmt. An deem Zesummenhank ginn déi zwee Busarrête...

lire plus
Aller au contenu principal