D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe Bruno Grilo goung Anita Baum vun “LSC360” op d’Lag vun der Spillplaz de spezifeschen Eegenschaften ewéi zum Beispill een Héichtenënnerscheed vun iwwer véier Meter op ongeféier 65 Meter Längt an enger minimaler Breet vu knapps zéng Meter op enger Plaz.
D’Spillplaz “Um Hiwel” soll sech mat den anere Spillplazen aus der Gemeng ergänzen an et gëtt versicht keng identesch Spiller opzeriichten. Selbstverständlech mussen déi aktuell Sécherheetsmoossname respektéiert ginn. Nodeems déi verschidde Méiglechkeeten erläutert goufen haten d’Leit Méiglechkeet an engem klenge Workshop hir Wënsch a Virstellunge virzedroen, déi uschléissend op enger Tafel zesummegefaasst goufen.
Een Thema loung ville Leit besonnesch um Häerzen an zwar eng Verkéiersberouegung beim Agank ze installéieren. D’Bewunner aus der Noperschaft beschwéiere sech, datt d’Vitesslimitatiounen net agehale ginn obwuel et 30er-Zon ass. Eng séier Léisung wier d’Opstelle vu “Knuppen” respektiv “Berliner Kissen”. Sécherheet war am Allgemengen ee grousst Thema an dozou gehéieren och d’Beliichtung (Solar), Waasserspender a Beem am Summer. Méi Sëtzgeleeënheeten, méi Spiller fir kleng Kanner, méi Spiller fir grouss Kanner an de Kanner hir Virstellung vu Rutschbanen a Schaukele si weider Iddien, déi opgeschriwwe goufen.
All dës Virschléi ginn elo analyséiert fir eng optimal Léisung fir déi amenagéiert Spillplaz ze fannen. Da gëtt de Projet op den Instanzewee bruecht fir e schlussendlech ëmzesetzen.




