No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op der “Place des Nations – Um Kiosk”.
Nom Aperitif gouf d’Mëttegiessen zerwéiert. Op Virbestellung konnten d’Gäscht tëschen engem Grillteller oder vegetareschen Teller, all Kéiers mat Kaffi a Kuch wielen. Den Duo Lisa an Nathalie hu mat hirem Optrëtt fir gutt Stëmmung ënnert de Leit gesuergt a soubal d’Leit fäerdeg mam Iesse waren hu se net gezéckt d’Danzbeen ze schwéngen. Nom Optrëtt vum fantasteschen Duo huet den “DJ Backy” fir de Rescht vum Dag fir gutt Stëmmung gesuergt.
Wéi den Numm et schonns seet ass d’Generatiounsfest ee Fest fir all Generatioun an d’Kanner koume bei där Geleeënheet net ze kuerz. Si konnte sech ënner anerem op engem Sprangschlass oder um Trampolin hirer Energie fräie Laf ginn.




