An der Gemengerotssëtzung vum 30. September 2025 huet de Gemengerot eestëmmeg de Projet vun der Erweiderung an Amenagéierung vun de Kierfechter zu Beefort an Déiljen gestëmmt. Den Devis beleeft sech op insgesamt 1.233.297,70 Euro. Dëse Betrag setzt sech zesummen aus dem Projet zu Beefort an Héicht vun 976.669,20 Euro, zu Déiljen 141.628,50 Euro an nach Honoraire fir 115.000 Euro.

An enger éischter Phas goufen am Ufank vum Fréijoer déi bestoend Beem ewechgeholl an den Terrain fir d’Aarbechte virbereet. Hei entstinn ënner anerem e „Jardin du Souvenir“ an et gi Plaze fir ënnerierdesch Urnebäisetzungen an Urnemauere virgesinn. Gabionen an Natursteng suerge fir eng natierlech Ofgrenzung vun de verschiddene Beräicher.
Am Kader vum Projet gëtt och d’Infrastruktur ronderëm de Kierfecht verbessert. Nieft engem zousätzleche Parking gëtt ee WC-Gebai mat engem integréierte Raum fir Material an Aarbechtsgeschier gebaut. Bänke bidden de Visiteuren d’Méiglechkeet, sech auszerouen an e Moment ze verweilen.
Nei Gréngfläche mat Beem a Sträich, déi un de Standuert ugepasst sinn, sollen dem erweiderte Kierfecht e rouegen an natierleche Charakter ginn. Duerch eng nei Ouverture an der bestoender Ëmfassungsmauer ginn de Kierfecht an den neie Parking direkt matenee verbonnen.
Mat dësen Aarbechte gëtt de Beeforter Kierfecht un déi aktuell an zukünfteg Besoinen ugepasst a gläichzäiteg als Plaz vun der Rou an der Erënnerung opgewäert.




