Nom Sprangreide stoung de ganze leschte Weekend d’Dressur um Programm am internationale Reitzentrum zu Beefort. Mat 6.8 Punkten huet e Samschdeg d’Tessy Schiff-Herman mam “Honey Dew Drop” de “Prix de la Commune de Beaufort” an der Dressur gewonn. D’Reiderin vun de “Cavaliers Indépandants Luxembourgeois” huet sech an der Kategorie L virun hirer Veräinskolleegin Marie-Lou Haupert (6.7 Punkte mam Päerd “Finaud 21”), dem Ben Kayser vun de “Cavaliers Reunis Luxembourgeois” (6.6 mat “Die bunte Puppe”) a Mareike Leweck vum “Club Hippique du Nord” (6.4 mat “Principe Maynou”) duerchgesat. Am Ganze sinn zwielef Reiderinnen a Reider un de Start gaangen an zum Schluss hu sech der zéng placéiert.
D’Coupe “Prix de la Commune de Beaufort” gouf vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an der Schäffin Lynn Mossong un d’Gewënnerin Tessy Schiff-Herman iwwerreecht. D’Resultater vun den zéng Prüfunge stinn ënnert dësem Link: https://fn-erfolgsdaten.de/show/276566




