Auszeechnung a Gold fir Beefort

Ee laangt Waarden huet endlech een Enn. Bal op den Dag genau virun engem gudde Joer gouf am virtuelle Klimapaktdag bekannt, datt d’Beefort d’Gold-Auszeechnung vum “European Energy Award” kritt huet. Et goufen 85,9 Prozentpunkte beim internationale Audit am Juli 2020 erreecht.

Beim Klimapaktdag gëschter Nomëtteg an der Luxexpo um Kierchbierg goufen d’lëtzebuerger Gewënner vun 2020 an 2021 ausgezeechnet. A knapps engem Mount hëlt Beefort zu Ravensburg den europäesche Präis entgéint.

Dernière modification le 12.10.2021

Des articles de la même catégorie

Ouverture vun der Kiermes

Ouverture vun der Kiermes

Ënnert dem Regimm vum CovidCheck huet de leschte Freideg déi berodend Kommissioun vun der Integratioun eng symbolesch Ouverture vun der Beeforter Kiermes organiséiert. Um Programm op der Place des Nations stoungen ënner anerem Musék mam Romain Thielen a Claude Juchem...

mehr lesen
Aktioun „Gielt Band“

Aktioun „Gielt Band“

Haut ass den internationalen Dag géint d’Liewensmëttelverschwendung. D’Gemeng Beefort bedeelegt sech ebenfalls un dësem Dag a schléisst sech der Aktioun “Gielt Band” un. D’Aktioun “Gielt Band” huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung zesumme...

mehr lesen