Beaufort
22.4°C (22.2 / 22.5)
37%
975 hPa
1.4 m/s
Raf. 2 m/s
0 W/m²
0 mm

Aweiung vun der Spillschoul mat Maison Relais

De leschte Freideg war et endlech souwäit: Déi “nei” Spillschoul mat Maison Relais, déi zanter dem leschte September funktionéiert, gouf endlech ageweit. Laang huet een op dës Feierlechkeete gewaart an nodeems den Educatiounsminister Claude Meisch seng Präsenz zougesot huet, goufen d’Invitatioune verschéckt.

Iwwer véier Joer huet et gedauert bis dat neit Gebai funktiounsfäeg war. D’Pandemie huet eng Rëtsch Aarbechten an d’Längt gezunn an och d’Liwwerzäiten ware méi laang ewéi virgesinn. Den Neibau kascht ronn 6,5 Milliounen Euro an dovunner gi sech eng 2,2 Milliounen Subsiden erwaart.

Nom Empfang vun de Gäscht ass de Buergermeeschter Camille Hoffmann op den Historique vum Site agaangen. Op dëser Plaz war fréier d’Gare vum “Beeforter Josy” an d’Gebai gouf spéider an eng Spillschoul ëmfunktionéiert.  Den 19. Juli 1968 huet de Beeforter Gemengerot d’Margot Flammang als éischt Spillschoulsjoffer ernannt. Et war den 23. Oktober 2018 um 9.11 Auer moies wéini dat lescht Stéck vum deemolege Gebai ëmgefall ass.

Uschléissend huet den Architekt Uwe Kramer d’Gebai virgestallt an nodeems d’Kanner aus dem Cycle 1 an der Maison Relais ee flotte musikaleschen Optrëtt presentéiert hunn huet den Educatiounsminister d’Schlusswuert gesprach. Nom Duerchschneide vum Bändchen hunn d’Éieregäscht een Tour duerch d’Gebai gemeet an ofgeschloss gouf d’Aweiung mat engem Éierepatt an Agape.

Ee klenge Réckbléck a Biller vun der Aweiung.  

Dernière modification le 14.06.2022

Des articles de la même catégorie

Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter haut Freideg sti rëm Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier op Nummer 55, route de Dillingen. Am Ganze goufen dräi Container opgestallt an an der Reegel gi se freides eidel gemaach. An nächster Zukunft kommen nei Pechbiller drop an duerno ginn d’Awunner...

lire plus
Aller au contenu principal