Beaufort
22.7°C (22.5 / 23.1)
34%
980 hPa
1.9 m/s
Raf. 2.8 m/s
577 W/m²
0 mm

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der Gemengerotssëtzung vum 17. Dezember 2024 gouf eestëmmeg een Devis an Héicht vu 456.300 Euro TVAC gestëmmt.Déi nei Vëlospist verleeft op der fréierer Eisebunnsstreck vum Zichelche “Josy”, deen tëschen 1904 an 1948 gefuer ass. De 4. November 1904 gouf d’Streck a Betrib geholl a si huet d’Steekaul mat der “Prinz-Heinrich-Bahn” um Grondhaff verbonnen. D’“Prinz-Heinrich-Bahn” ass vu Gréiwemaacher iwwer Iechternach, Dikrech, Ettelbréck, Näerden a Klengbetten bis op Péiteng gaangen an esou war et méiglech iwwert déi verschidden Uschlëss d’Steng an d’ganzt Land ze transportéieren. Siwe Joer méi spéit, de 6. November 1911, gouf d’Linn vum “Josy” bis op Beefort verlängert an dat huet de Persounen- a Giddertransport erméiglecht. Den 2. Mee 1948 ass de leschten Zuch op dëser Linn gefuer. D’Gare zu Beefort war deemools wou haut de Site vun der Schoul ass an dat erkläert och den Numm vum Busarrêt “op der Gare”. Hannert der Schoul war iwwregens de Schapp vum “Josy” an deen ass den 18. Juli 2024 ofgebrannt.

Tëschen dem Grondhaff a Beefort sinn et ongeféier 200 Meter Héichtenënnerscheed op de puer Kilometer Loftlinn. Deen Ënnerscheed konnt de “Josy” net einfach sou packen. Dowéinst goufen dräi Spatzkéieren agebaut. Bei sou enger Kéier ukomm huet de “Josy” Ulaf geholl fir den nächste Biergop ze packen an dowéinst verleeft d’Streck am Zickzack. Am Biergof verhënnert dëse System, datt dee mat de Steng vollbeluedenen Zichelchen d’Kontroll beim Bremse verléiert a mat voller Vitesse de Bierg erofrullt.

D’Vëlospist befënnt sech am Naturschutzgebitt “Natura 2000” (Saueruecht) an aus dësem Gronn däerf kee Makadamm an/oder Bëton op de Vëloswee kommen. Aplaz kënnt op de komplette de “Grouine de Meuse” an dee passt sech ganz gutt de Landschaftsbedingungen un. 77 Prozent vun der deemoleger Eisebunnslinn haten eng Pente tëschen 3 an 3,5 Prozent. Eng Pente, déi haut och mam Vëlo ze packen ass a besonnesch mat de modernen E-Bikes dierft et nach méi einfach si sécher vum Grondhaff op Beefort ze kommen. Ouni de Stroosseverkéier a matzen an der Natur. Ëmgedréint geet et méi einfach an et kann een d’Natur a vollen Zich genéissen.

De Josy-Wee kënnt beim Grondhaff un, méi genau wou haut de Radar/Blëtzer steet. Hei gëtt den Uschloss un den nationale Vëlosreseau PC3 gemaach. Dëse Vëloswee heescht och “Piste cyclable des Trois Rivières” a verbënnt Schengen mat Veianen. Op den 90,3 Kilometer fiert ee laanscht d’Musel vu Schengen op Waasserbëlleg, d’Sauer vu Waasserbëlleg op Reisduerf an d’Our vu Reisduerf op Veianen.

Mat der Fäerdegstellung vum Josy-Wee dréit d’Gemeng Beefort säi Beitrag zu der doucer Mobilitéit bäi a gëtt fir d’Touristen nach méi attraktiv. Och Déiljen a Beefort gi méi enk matenee verbonnen.

Dernière modification le 07.08.2026

Des articles de la même catégorie

Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter haut Freideg sti rëm Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier op Nummer 55, route de Dillingen. Am Ganze goufen dräi Container opgestallt an an der Reegel gi se freides eidel gemaach. An nächster Zukunft kommen nei Pechbiller drop an duerno ginn d’Awunner...

lire plus
Aller au contenu principal