Beaufort
9.3°C (9.2 / 9.4)
87%
974 hPa
5 m/s
Raf. 5.5 m/s
81 W/m²
0 mm

Beefort beim Buergermeeschterdag op der Fouer

De Beeforter Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch wor ee vun de 54 Buergermeeschteren aus dem Land, déi gëschter beim Buergermeeschterdag op der Schueberfouer deelgeholl hunn. Et war och nach déi 20. Editioun, déi vun der “Fédération Nationale des Commerçants Forains” organiséiert gouf a mëttlerweil zum feste Bestanddeel vum Programm vun der Schueberfouer gehéiert.

Bei hirem Treffpunkt bei der Entrée vun der Fouer krut all Buergermeeschter säin eegene Schiertech iwwerreecht an zesummen hu se een Tour iwwer d’Fouer gemeet. Nom gemittlechen Deel goufen d’Buergermeeschteren a 17 verschidde Restauranten agedeelt an hunn do am Service ausgehollef.

De Jean-Luc Nosbusch war zesumme mam Sophie Diederich (Noumer), Marguy Kirsch-Hirtt (Luerenzweiler) a François Sauber (Walfer) an der “Friture Armand” am Asaz. Een Deel vum Gemengepersonal huet et sech net huele gelooss fir deen Owend vun hirem Gemengepapp zerwéiert ze ginn.

Dernière modification le 27.08.2025

Des articles de la même catégorie

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Gëschter gouf zu Déiljen den Nationale Gedenkdag an der Gemeng Beefort zesumme mat der Déiljer Kiermes zelebréiert. Den Datum vun der Kiermes zu Déiljen riicht sech nom Patréiner vun der Kierch, dem hellege Lucas. Säin Datum ass den 18. Oktober an dëst Joer ass deen...

lire plus
Aller au contenu principal