Bréifwal / Vote par correspondance

E Sonndeg, den 8. Oktober, si Chamberswalen zu Lëtzebuerg. Nieft de Chamberswale gëtt zu Beefort gläichzäiteg een neie Gemengerot gewielt. Bekanntlech huet d’Cours administrative d’Gemengewale vum 11. Juni annuléiert an den Inneministère opgefuerdert een Termin festzeleeën, deen den 8. Oktober ass. Zesumme mat de Chamberswalen.

D’Demande fir eng Bréifwal musse fir all Wal eenzel gestallt ginn. Eng Demande fir d’Bréifwal fir d’Gemengewalen zum Beispill gëllt net automatesch fir d’Chamberswalen oder ëmgedréint. Zanter dem 17. Juli ass et méiglech Bréifwal unzefroen an et gëlle folgend Délaie fir déi zwou Walen:

– 29. August: Envoi vun den Ënnerlagen op eng Adress am Ausland
– 13. September: Envoi vun den Ënnerlagen op eng Adress hei zu Lëtzebuerg

Iwwer den Internetsite guichet.lu kann een eng Demande ufroen:

* Gemengewalen

* Chamberswalen

 

****

 

Le dimanche 8 octobre auront lieu les élections législatives. A côté de ces élections le jour même sont également organisés les élections d’un nouveau conseil communal à Beaufort. C’est bien connu que la Cour administrative a annulé les élections communales à Beaufort du 11 juin et a convié le Ministère de l’Intérieur à fixer une nouvelle date qui est le 8 octobre. Ensemble avec les élections législatives.

En ce qui concerne le vote par correspondance il est important à savoir qu’il faut introduire une demande séparée pour chacune des deux élections. Une demande pour un vote par correspondance pour les élections communales n’est pas automatiquement valable pour les élections législatives et inverse. Depuis le 17 juillet il est possible de faire les demandes pour un vote par correspondance et les délais sont les suivants :

– 29 août : envoi du courrier à une adresse à l’étranger
– 13 septembre : envoi du courrier à une adresse au Luxembourg

Les demandes peuvent se faire également via le site internet guichet.lu à savoir :

* Elections communales

* Elections législatives

Dernière modification le 27.07.2023

Des articles de la même catégorie

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend...

lire plus
Fréiere Schapp vum “Josy” ofgebrannt

Fréiere Schapp vum “Josy” ofgebrannt

Gëschter am Laf vum Nomëtteg huet et am fréiere Schapp vum “Josy” gebrannt. De “Josy” war den Zichelchen, deen tëschen de Joren 1904 a 1948 vum Grondhaff erop op Beefort gefuer ass. Am Joer 1966 huet de “Comité protecteur de la Troupe St Willibrord” vun Iechternach de...

lire plus
Interaktive Geo-Pad ageweit

Interaktive Geo-Pad ageweit

Gëschter am Nomëtteg gouf den interaktive Geo-Pad “Haupeschbaach an Halerbaach” a Präsenz vum Minister fir Raumentwécklung Claude Meisch offiziell ageweit. Schonns am Oktober d’lescht Joer gouf de Grondstee vun dësem Geo-Pad geluecht:...

lire plus
Aller au contenu principal