Buergermeeschterdag zu Munneref

62 vun 100 Gemenge ware gëschter beim Buergermeeschterdag am Casino 2000 zu Munneref vertrueden an ënnert den iwwer 650 Leit war och eng Delegatioun vu Beefort vertrueden. Um Buergermeeschterdag sinn net nëmmen d’Buergermeeschteren ageluede mee och Schäfferéit, Conseilleren a Gemengepersonal.

Nom Superwaljoer 2023 mat Gemengewalen a Chamberswalen ass de Buergermeeschterdag fir jiddereen eng gutt Geleeënheet fir déi nei Vertrieder sech kennen ze léieren an auszetauschen. Ausserdeem goufe follgend Theme behandelt: de Koalitiounsvertrag, déi kommunal politesch Prioritéite vun dëser Regierung an de Bilan vun der “Soirée de dialogue” vum Minister Léon Gloden mat den “Elus locaux”.

Weider Informatiounen zum Buergermeeschterdag ginn um Site vum Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises) an de Ministère des Affaires intérieures huet op senger Facebook-Säit ee klenge Video produzéiert.

 

Extern Links:

Syvicol: https://www.syvicol.lu/fr/actualites/ficheactualites/2024-05-13/participation-du-president-du-syvicol-a-la-journee-des-bourgmestres-2024

Video: https://www.facebook.com/mintluxembourg/videos/942441591013708/

Dernière modification le 14.05.2024

Des articles de la même catégorie

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Virgëschter Owend huet de Schäfferot op een Austausch mat de lokale Veräiner an de berodende Kommissiounen invitéiert. Wärend dem Owend goufen d’Manifestatiou­ne virgestallt, déi d’Gemeng am Laf vum Joer organiséiert, an och wéi eng Méig­lechkeeten d’Veräiner a...

lire plus
Befort – E Bild vun engem Duerf

Befort – E Bild vun engem Duerf

Haut viru genee 43 Joer war Halleffaaschten. Op dësem 13. Mäerz 1983 huet den “Hei Elei Kuck Elei” ee Film vu ronn 45 Minutten iwwer Beefort gewisen. De Film vum Menn Bodson a Pierre Puth kann een um Site vun RTL gesinn an de Link ass hei ënnendrënner. “Befort – E...

lire plus
Aller au contenu principal