Beaufort
7.5°C (7.3 / 7.7)
99%
978 hPa
0.7 m/s
Raf. 1.3 m/s
117 W/m²
0 mm

Dag vum Bam 2025

Am Kader vum nationalen Dag vum Bam gouf och zu Beefort eng Planzaktioun organiséiert. De leschte Freideg hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 3.2 zesumme mat hirem Léierpersonal a mam Fierschter a Präsenz vum Beeforter Gemengerot a Vertrieder vun der Ëmweltkommissioun de Bam vum Joer “Carpinus betulus” (Hainbuche) an nach aner Beem geplanzt.

Dat Ganzt war an der Seiwecht, net wäit ewech wou sech verschidde Wanderweeër an de Josy-Wee fir an d’Steekaul bei der Spatzkéier kräizen. No der ustrengender Planzaktioun am Bulli gouf et zum Ofschloss ee gudde Schocki an och de Boxemännchen huet nach besser geschmaacht.  

Dernière modification le 02.12.2025

Des articles de la même catégorie

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Dräi Joer nodeems d’Gemeng Beefort beim “European Energy Award Gold” mat 90,7 Prozentpunkten als beschte Gemeng an Europa ausgezeechent gouf, konnt d’Gemeng dëst Resultat nach verbesseren. Haut koum d’Nouvelle, datt beim Audit de 14. Juli am Ganzen 90,8 Prozentpunkten...

lire plus
Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Gëschter gouf d’Beeforter Kiermes gefeiert. Den Datum vun der Kiermes riicht sech nom Méchelsdag (Saint Michel a Patréiner vun der Beeforter Kierch), deen op den 29. September fält. Ass den 29. September ee Sonndeg, da gëtt den 29. September gefeiert an am anere Fall...

lire plus
Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

De leschte Freideg war no Esch an Ëlwen déi drëtt vun insgesamt fënnef Joyeuses Entrées vun der groussherzoglecher Koppel. Zu Éinen stoung d’Regioun Oste mat sengen 22 Gemengen am Mëttelpunkt. Gemeng Beefort gouf offiziell vertrueden duerch de Buergermeeschter...

lire plus
Aller au contenu principal