Beaufort
15.9°C (15.2 / 16.8)
56%
987 hPa
1.3 m/s
Raf. 2 m/s
4 W/m²
0 mm

Dem Wanter Äddi gesot

Net schlecht hunn d’Leit gëschter Owend gestaunt, wéi se d’Buerg vun der Amicale vun de Beeforter Pompjeeë gesinn hunn. Déi enorm Buerg war ronn eelef Meter breet an de mëttelsten Tuerm hat eng Héicht vun ongeféier 7,5 Meter.

Nach méi gestaunt hunn d’Visiteure wann d’Buerg bis gebrannt huet. De staarken an äiskale Wand huet dofir gesuergt, datt d’Buerg sou richteg gebrannt huet. D’Flame sinn zäitweis iwwer 25 Meter héich an d’Luucht gaangen. Wéinst der grousser Hëtzentwéckelung huet de Sécherheetsperimeter missten erweidert ginn.

Zum Schluss bleift et ze hoffen, datt mat dësem Buergbrennen net nëmmen de Wanter verjot gouf mee och d’Pandemie, déi ëm dës Zäit virun dräi Joer eist Land erreecht huet.

Dernière modification le 27.02.2023

Des articles de la même catégorie

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op...

lire plus
Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe...

lire plus
Aller au contenu principal