D’“Wanderung ronderëm d’Welt” mécht Statioun zu Beefort

D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun (Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire, FLMP) huet fir dëse Summer mam Wander-Summer 2023 “Mir wandere ronderëm d’Welt” eng ganz besonnesch Initiativ ergraff. Tëschen dem 15. Juli an dem 15. August gëtt op mannst eng IVV-Wanderung hei zu Lëtzebuerg ugebueden. Mat iwwer 5.000 Kilometer u Wanderweeër huet Lëtzebuerg ee vun deene bescht vernetzte Wanderreseauen a ganz Europa. Faszinéierend Landschaften an ofwiesslungsräich Wanderweeër begeeschteren net nëmmen d’Touristen. Vill Residenten hu besonnesch wärend dem Ufank vun der Pandemie Lëtzebuerg nei entdeckt.

An der Hallschent vum Wandersummer gouf eng ganz besonnesch Wanderung ugebueden a Beefort stoung dobäi am Mëttelpunkt. De leschte Samschdeg war de PW-Wanderbus ënnerwee. PW steet fir “permanenter Wanderweg” an all Wanderwee huet seng speziell Nummer. Moies ëm 7.15 Auer war den Départ bei Kummelsbau an um Programm stoungen de PW030 zu Beefort, de PW018 zu Bettenduerf an de PW005 zu Veianen. No engem Grill-Mëttegiessen am Dikrecher Asazzenter goung et weider um PW031 zu Dikrech an ëm 17 Auer hu sech rëm alleguer zu Beefort getraff fir eng geféiert Wanderung an de Beeforter Steebroch. Bei der leschter Etapp kruten d’Wanderer eng kleng Verstäerkung an dat an der Persoun vum Tourismusminister Lex Delles.

No enger kuerzer Receptioun goung et iwwert de Léierpad “Mensch und Stein” an de Steebroch. Ënnerwee huet d’Geowëssenschaftlerin Birgit Kausch vum Natur- a Geopark Mëllerdall vill interessant Erklärunge ginn. D’Gemeng Beefort huet am Steebroch den Aperitif offréiert an de Minister Lex Delles war sichtlech beandrockt vum Site a senger Geschicht ewéi zum Beispill, datt d’Steng vu Beefort fir de Bau vum Pont Adolphe an der Stad geholl goufen an ënnert wéi eng Bedingungen hei geschafft gouf. Een interessanten Aspekt war och de fréiere Josy-Wee, den Zichelchen, dee bis erop op Beefort gefuer ass. Des Weideren huet hie sech net huele gelooss fir eng Kéier selwer eng Foto vum Fotograf ze huelen.

No der Wanderung gouf et d’Méiglechkeet fir am Kummelsbau de Wanderdag gemittlech bei Ham, Fritten an Zalot ofzeschléissen, déi vun de Wanderfrënn Beefort ugebuede gouf. Déi éischt Hallschent vum Wander-Summer gouf domadder ofgeschloss. 2.467 Wanderer sinn an den éischten zwou Wochen am Ganze 26.824 Kilometer getrëppelt an dat maache 67 Prozent vum Objektiv. Weider Informatioune ginn et um Site vun der Wandersportfederatioun www.flmp.lu. 

Dernière modification le 31.07.2023

Des articles de la même catégorie

Ouverture vun der Kiermes

Ouverture vun der Kiermes

Déi berodend Kommissioun vun der Integratioun vun der Gemeng Beefort huet de leschte Freideg eng kleng Ouverture vun der Beeforter Kiermes op der Place des Nations (Kiosk) organiséiert, fir dës Traditioun net ze vergiessen. D’Wieder an d’Schof hunn dëst Joer leider...

lire plus
26.09: Büroen am Nomëtteg zou

26.09: Büroen am Nomëtteg zou

En raison des travaux de rénovation de la salle des séances les bureaux de l’administration communale seront fermés l'après-midi du mardi 26 septembre. **** Wéinst de Renovatiounsaarbechte vum Sëtzungssall sinn d’Büroe vun der Gemeng am Nomëtteg vum Dënschdeg, de 26....

lire plus
Gemengewalen 2023 / Update 15. September

Gemengewalen 2023 / Update 15. September

14.09.2023 Den Delai fir eng Demande fir d'Bréifwal fir d'Gemgen- a Chamberswalen anzereechen ass laanscht. Le délai pour introduire une demande pour le vote par correspondance pour les élections communales et législatives est passé.Bréifwal / Vote par correspondance...

lire plus
Aller au contenu principal