Ee besseren Déngscht fir d’Bierger / Un meilleur service pour les citoyens

Eng vun de Prioritéite vum aktuelle Schäfferot ass et, de Bierger een zäitgeméissen Déngscht am Gemengenhaus kënnen unzebidden. An deem Sënn lafen eng Rei Projeten an ee gréisseren Ëmbau gouf schonns ëmgesat: een Accueil.

Dësen Accueil ass gläich riets am Agank vum Gebai an d’Bierger si gebiede sech fir d’éischt do ze melle wa se ee vun de sëllegen Déngschtleeschtungen an Usproch wëllen huelen, dat gëllt besonnesch fir Bespriechunge mam Service technique, dee reegelméisseg um Terrain ass an ënner anerem d’Chantieren an der Gemeng iwwerwaacht oder do un enger Reunioun mat de Verantwortlechen deelhëlt. Am Accueil gëtt de Bierger direkt gewuer, op déi gewënschte Persoun am Haus ass oder net an dat erspuert him och op den zweete Stack ze goen.

Den Accueil bitt och déi meescht Servicer vum Populatiounsbüro un an d’Aarbecht gëtt sech op den zwou Plazen opgedeelt. Dozou zielen ënner anerem Chèques services, Autorisations parentales a Certificats de résidence. Déi blo Valorlux-Tute kënnen elo souwuel am Accueil ewéi am Populatiounsbüro ofgeholl ginn. Et ass opgefall, datt déi blo Tuten an der Gemeng net fir déi ursprénglech geduechten Zwecker benotzt goufen an doduerch de Verbrauch onnëtz an d’Luucht gaangen ass.

Une des priorités du collège échevinal actuel est d’offrir aux citoyens un service moderne à la maison communale. Dans ce sens, plusieurs projets sont en cours et une transformation plus importante a déjà été réalisée : un accueil.

Cet accueil se trouve directement à droite à l’entrée du bâtiment et les citoyens sont priés de s’y adresser en premier lieu s’ils souhaitent bénéficier d’un des nombreux services proposés. Cela vaut particulièrement pour les entretiens avec le service technique, qui est régulièrement sur le terrain et qui, entre autres, surveille les chantiers de la commune ou participe à des réunions avec les responsables. À l’accueil, le citoyen est immédiatement informé si la personne souhaitée est présente dans la maison ou non, ce qui lui évite également de devoir monter au deuxième étage.

L’accueil propose aussi la plupart des services du bureau de la population et le travail est partagé entre les deux guichets. Cela inclut, entre autres, les chèques-services, les autorisations parentales et les certificats de résidence. Les sacs bleus « Valorlux » peuvent désormais être retirés aussi bien à l’accueil qu’au bureau de la population. Il a été constaté que les sacs bleus dans la commune n’étaient pas utilisés pour l’usage initialement prévu, ce qui a conduit à une consommation inutilement élevée.

Ofschléissend eng kleng Erënnerung, datt hannert dem Gemengenhaus am Bannenhaff hannert dem Bou eng Entrée fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit a fir d’Bierger mat Kannerkutschen zur Verfügung steet.

Pour conclure, un petit rappel : derrière la maison communale se trouve dans la cour intérieure derrière l’arc une entrée mise à disposition des personnes à mobilité réduite et des citoyens avec poussettes.

Dernière modification le 02.10.2025

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser...

lire plus
Aller au contenu principal