Ee flotten Nomëtteg am Kummelsbau

Ee bësse kuerzfristeg mee trotzdeem ass et gelongen dëst Joer eng Journée 55+ ze organiséieren. De Schäffen- a Gemengerot an Zesummenaarbecht mat de Beeforter Senioren huet op ee gemittlechen Nomëtteg an de Kummelsbau invitéiert.

An enger flotter Gesellschaft an Ambiance konnt jidderee bei Kaffi a Kuch an engem gudde Pättchen e puer flott a gemittlech Stonnen am Kummelsbau verbréngen. Virdru gouf et nach ee kale Plat als Stäerkung.

Et gouf rëm eng gratis Navette fir Leit mat beschränkter Mobilitéit ugebueden a fir Animatioun a Musek huet de Romain Thielen gesuergt. Beim Heemgoe krut jiddereen nach ee klenge Kaddo iwwerreecht an zwar eng Thermosfläsch mam Beeforter Wopen drop.

Dernière modification le 27.11.2023

Des articles de la même catégorie

Participativ Informatiounsversammlung

Participativ Informatiounsversammlung

D‘Gemeng Beefort invitéiert op eng participativ Informatiounsversammlung an de Kummelsbau e Méindeg, den 19. Februar, ëm 18 Auer. De Schäfferot stellt de Projet “Centre d‘Accueil Müllerthal“, dem neien Naturparkgebai vum “Natur- a Geopark Mëllerdall“ vir. Bei dëser...

lire plus
Europawalen

Europawalen

E Sonndeg, den 9. Juni, sinn Europawalen. Walberechtegt sinn nieft de Lëtzebuerger och Bierger aus engem EU-Memberstaat. Et gëlle folgend Délaien: Bréifwal: - 17. Mäerz: ab dësem Datum ass et méiglech Bréifwal unzefroen.- 30. Abrëll: Leschten Délai fir den Envoi vun...

lire plus
Aller au contenu principal