Beaufort
6.4°C (6.1 / 6.9)
95%
975 hPa
0.2 m/s
Raf. 0.3 m/s
0 W/m²
0 mm

Ee méi séchere Schoulwee

Konstruktiv Diskussiounen, Meenungsaustausch a gemeinsam Iwwerleeungen an der Schoulkommissioun an eng gutt Zesummenaarbecht mam Schäfferot droen hir Friichten. De Schoulwee ass méi sécher ginn.

Ugefaange mam “Kiss & Go” beim Gemengenatelier bei der Jugendherberge. Schonns zanter enger Zäitche gouf hei ee Sens unique agezeechent. Mam Auto fiert ee fir d’éischt laanscht d’Jugendherberge, d’Maison relais an dem Gemengenatelier fir op dem gréng gezeechente Beräich kuerz stoen ze bleiwen an d’Kand oder Kanner op der rietser Säit aus dem Auto erauszeloossen. Vun hei aus kënnen d’Kanner a Sécherheet an d’Schoul goen. Uschléissend mécht ee mam Auto den Tour fäerdeg a fiert vum Areal eraus.

De “Kiss & Go” ass op kee Fall eng Parkplaz. D’Parkplaze sinn direkt niewendrun an hei kann een den Auto stoe loosse fir mam Kand oder de Kanner bis an d’Schoul ze goen.

Nieft dem “Kiss & Go” gouf hannert dem Parking un der Haaptstrooss een neie Schoulwee ugeluecht. Esou gi se dem Verkéier Richtung oder vum Kinnewee aus aus dem Wee. Um Kinnewee gelt eigentlech een allgemengt Fahrverbot an deenen zwou Richtungen. Leider benotze vill Elteren de Kinnewee als Ofkierzung a besonnesch an donkelen Joreszäite virun oder no der Schoul kënnt et zu geféierleche Situatiounen. Op dëser Plaz gëtt nach eng Kéier un d’allgemengt Fahrverbot erënnert.

Dësen neie Schoulwee kritt fir d’Rentrée nach Luuchten esou, datt fir nach méi Sécherheet gesuergt gëtt. Elleng dësen neien Deel kascht iwwer 15.000 Euro, d’Luuchten an de “Kiss & Go” net mat agerechent. D’Kanner si gebieden elo schonns den neie Schoulwee ze benotzen esou, datt et spéitstens fir d’Rentrée zur Gewunnecht gëtt a besonnesch wärend den däischteren Joreszäite wäert dëse Wee fir nach méi Sécherheet suergen.   

Déi nächst Etapp ass den Deel vun der Maison Relais hanne laanscht de fréiere Scoutschalet bis bei d’Schoulareal unzepassen an ze aménagéieren.   

Dernière modification le 28.06.2023

Des articles de la même catégorie

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Dräi Joer nodeems d’Gemeng Beefort beim “European Energy Award Gold” mat 90,7 Prozentpunkten als beschte Gemeng an Europa ausgezeechent gouf, konnt d’Gemeng dëst Resultat nach verbesseren. Haut koum d’Nouvelle, datt beim Audit de 14. Juli am Ganzen 90,8 Prozentpunkten...

lire plus
Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Gëschter gouf d’Beeforter Kiermes gefeiert. Den Datum vun der Kiermes riicht sech nom Méchelsdag (Saint Michel a Patréiner vun der Beeforter Kierch), deen op den 29. September fält. Ass den 29. September ee Sonndeg, da gëtt den 29. September gefeiert an am anere Fall...

lire plus
Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

De leschte Freideg war no Esch an Ëlwen déi drëtt vun insgesamt fënnef Joyeuses Entrées vun der groussherzoglecher Koppel. Zu Éinen stoung d’Regioun Oste mat sengen 22 Gemengen am Mëttelpunkt. Gemeng Beefort gouf offiziell vertrueden duerch de Buergermeeschter...

lire plus
Aller au contenu principal