Ee Spullwon fir d’Veräiner

D’Gemeng Beefort huet Vertrieder vun de Veräiner an de berodende Kommissiounen op d’Äispiste invitéiert fir den neie Spullwon mam Material an och de Killwon, de schonns d’lescht Joer ugeschaf gouf, virzestellen.

De Spullwon ass eng weider Etapp an der Offallvermeidung an der Gemeng Beefort. Et gesäit ee regelméisseg no de Fester eng Abberzuel vun Tute voll mat dënne Plastiksbecheren an Telleren aus Karton. Ee Spullwon mat recycléierbarem Material (Becheren an Telleren) ass ee Mëttel fir Offall ze vermeiden an eis Ëmwelt ze belaaschten, sou de Buergermeeschter Camille Hoffmann.

Energie verbëtzen ass och eng Belaaschtung fir d’Ëmwelt an op déi Problematik ass de uschléissend de Klimaberoder Thomas Schlicher agaangen. Unhand vu Grafiken huet hien den Energieverbrauch an de verschidde Gebaier gewisen an och Léisunge virgeschloen. Virun net grad zwee Joer hunn eng Rei Veräiner d’Energie-, Klima- an Ëmweltcharta ënnerschriwwen a weider Veräiner a berodend Kommissiounen hu sech am Laf vum Owend dëser Charta ugeschloss.

 Éier de Spullwon virgestallt gouf, huet d’Véronique Linden, Ëmweltberoderin am Oekozenter Pafendall, de Projet “Green Events”, deen op Initiative vum Ministère fir d’Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung entstanen ass, erkläert. “Green Events” gouf entwéckelt fir den ökologesche Foussofdrock vun enger Manifestatioun zu Lëtzebuerg ze reduzéieren an doduercher ee Fest ëmweltcompatibel a méi ëmweltbewosst ze gestalten. Dobäi ginn d’Organisateure vum Oekozenter Pafendall an der SuperDrecksKëscht informéiert, sensibiliséiert a begleet. Ee “Green Event” ass eng Manifestatioun, déi versicht déi negativ Auswierkungen op d’Ëmwelt, Awunner a Klima ze reduzéieren. Weider Informatiounen dozou ginn et um Internetsite www.greenevents.lu an hei ass de Link zu der Presentatioun vum Owend.

   

Erënnere mer drun, datt beim Audit fir d’Sëlwermedail vun der Aktioun “Klimapakt, meng Gemeng engagéiert sech” am Oktober 2018 d’Gemeng Beefort direkt op den éischte Coup 80,3 Punkten erreecht huet. Dëse Wäert motivéiert fir beim nächsten Audit d’Goldmedail kënnen ze kréien.

Ofgeschloss gouf den Owend mat engem Pättchen an enger klenger Agape.

Dernière modification le 20.08.2020

Des articles de la même catégorie

26.09: Büroen am Nomëtteg zou

26.09: Büroen am Nomëtteg zou

En raison des travaux de rénovation de la salle des séances les bureaux de l’administration communale seront fermés l'après-midi du mardi 26 septembre. **** Wéinst de Renovatiounsaarbechte vum Sëtzungssall sinn d’Büroe vun der Gemeng am Nomëtteg vum Dënschdeg, de 26....

lire plus
Gemengewalen 2023 / Update 15. September

Gemengewalen 2023 / Update 15. September

14.09.2023 Den Delai fir eng Demande fir d'Bréifwal fir d'Gemgen- a Chamberswalen anzereechen ass laanscht. Le délai pour introduire une demande pour le vote par correspondance pour les élections communales et législatives est passé.Bréifwal / Vote par correspondance...

lire plus
Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1

Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1

Nom Congé collectif lo am August hunn d’Ëmbauaarbechte vum neie Gebai fir de Cycle 1 nieft der Sportshal ugefaangen. Dat “al Gebai” gouf pénktlech fir d’Schoulrentrée ofgerappt an op dëser Plaz kënnt een neit Gebai mat dräi Säll um Rez-de-Chaussée an dräi Säll um...

lire plus
Aller au contenu principal