Een nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen

D’Gemengeverwaltung, de Service technique an de Schoulkomplex goufen op een Neits mam Qualitéitslabel “SuperDrecksKëscht” fir een nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen ausgezeechent. Dëse Qualitéitslabel steet fir Offallvermeidung, eng separat, propper a sécher Offalltrennung an och fir eng beschtméiglech Ofwécklung vun den Offäll. D’Stréim vun de Produiten (Offall) sinn transparent an nozevollzéien.

Zu de Kritäre vum Qualitéitslabel zielt nieft der richteger Behandlung vun de Produiten (Offall) och d’Motivatioun vun alle Bedeelegten an den Asaz an de Gebrauch vun offallaarme Materialien. Entsprécht den Ufuerderunge vun der DIN EN ISO 14024 a weider Informatioune ginn et um Internetsite www.sdk.lu

Dernière modification le 10.07.2023

Des articles de la même catégorie

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Virgëschter Owend huet de Schäfferot op een Austausch mat de lokale Veräiner an de berodende Kommissiounen invitéiert. Wärend dem Owend goufen d’Manifestatiou­ne virgestallt, déi d’Gemeng am Laf vum Joer organiséiert, an och wéi eng Méig­lechkeeten d’Veräiner a...

lire plus
Befort – E Bild vun engem Duerf

Befort – E Bild vun engem Duerf

Haut viru genee 43 Joer war Halleffaaschten. Op dësem 13. Mäerz 1983 huet den “Hei Elei Kuck Elei” ee Film vu ronn 45 Minutten iwwer Beefort gewisen. De Film vum Menn Bodson a Pierre Puth kann een um Site vun RTL gesinn an de Link ass hei ënnendrënner. “Befort – E...

lire plus
Aller au contenu principal