Beaufort
12.1°C (11.8 / 12.2)
79%
948 hPa
0 m/s
Raf. 0 m/s
0 W/m²
0 mm

Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Gemeng Beefort huet am Kader vun enger klenger Feier siwe Spiller vun de “Beaufort Knights” geéiert, déi bei der Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun, Grupp A, zu Kirgisistan iwwerraschend op déi drëtt Plaz komm sinn an domadder Bronze-Medail gewonnen hunn. Dat waren de Sven Cruchten, Dino an Demir Mededovic, Raoul Kramer, Claude an Nicolas Mossong an dem Sasha Backes. Des Weidere koum nach de Co-Trainer Robert “Robo” Beran zu Éieren, deen hei zu Beefort wunnt.

D’Zil vun der nei formatéierter Nationalekipp am Grupp A vun der drëtter Divisioun ze bleiwen an déi drëtt Plaz mat aacht Punkten no Mätscher hanner Thailand (15 Punkten) a Kirgisistan (zwielef Punkten) ass mat engem klenge Wonner ze vergläichen. Hannendru koumen nach Turkmenistan (sechs Punkten), Mexiko (dräi Punkten) a Südafrika (ee Punkt). Gläich am éischte Mätsch huet Lëtzebuerg mat 3:4 géint Turkmenistan gewonn an esou de Grondstee geluecht. Géint den Organisateur Kirgisistan huet ee 3:7 verluer a mat engem 4:5 no Verlängerung Mexiko geklappt. Mam 4:2 géint Südafrika war praktesch déi drëtt Plaz sécher an dorunner huet och déi 6:1-Néierlag géint Thailand näischt geännert.

Déi geéiert Spiller kruten eng grouss Fläsch Crémant mat hirer Foto an engem Akafsbong vu 50 Euro bei “Asport” am Numm vum Schäffen a Gemengerot iwwerreecht.       

Dernière modification le 09.04.2024

Des articles de la même catégorie

Gemeng Beefort zu Liechtenstein ausgezeechent

Gemeng Beefort zu Liechtenstein ausgezeechent

En Donneschdeg, den 12. November, war zu Triesen a Liechtenstein am Kader vun engem Gala-Dinner déi offiziell Präisiwwerreechung vum “European Energy Award Gold 2026”. Mat 90,8 Prozentpunkte konnt d’Gemeng Beefort sech europawäit op déi éischt Plaz placéieren. Um...

lire plus
De Beeforter 86 ass online

De Beeforter 86 ass online

Nodeems de Gemengebuet déi lescht Woch an der Gemeng verdeelt gouf, ass lo och d'Online-Versioun disponibel. Hei ass de Link: https://beaufort.lu/wp-content/uploads/2026/10/De-Beeforter-86.pdf

lire plus
Aller au contenu principal