Éierunge fir 18 Joer Gemengepolitik

Am Kader vum Neijoerschiesse vun der Gemeng, déi dës Kéier am Restaurant “Al Trotto” stattfonnt huet, goufen zwee Leit geéiert: d’Andreza Sanguessuga Nene an den Emile Wies. Alle béid kruten d’Médaille de vermeil fir 18 Joer politesch Aktivitéiten an der Gemeng iwwerreecht.

Virun der Éierung huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch ee kuerze Réckbléck an een Ausbléck virgestallt. 2024 war keen einfacht Joer. De politeschen Ëmbroch huet jidderee virun Erausfuerderunge gestallt, déi awer zesumme gemeeschtert goufen. Mat elo iwwer 3.100 Awunner ass scho laang keng kleng Gemeng méi an d’Aarbecht, déi vum Gemengepersonal verlaangt gëtt, ass immens vill a wäertvoll. Si krute vum Buergermeeschter am Numm vum Schäffen- a Gemengerot ee grousse Merci gesot.

Am Réckbléck huet de Jean-Luc Nosbusch nëmmen déi wichtegst Initiativen ervirgehuewen, déi ëmgesat goufen ewéi zum Beispill am Beräich vun den Infrastrukturen an Innovatioun. De Projet “Centre d’accueil” vum Natur- a Geopark Mëllerdall gouf virgestallt a weist spannend Zukunftsperspektiven. D’Aarbechte vun der Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1 ass fir d’Rentrée 2025/2026 geplangt. Den Outdoor-Fitnessberäich fir Senioren a Sportler gouf mat engem Outdoor-Dëschtennis an zwou Pétanquesbunnen erweidert. An Zukunft ass hei och een Terrain fir Beach-Volleyball virgesinn. Am Juli gouf zu Beefort den zweete Geopad ageweit an de Projet “Duerfkär” huet eng wichteg Entwécklung, déi d’Zukunft vun eiser Gemeng definéiert. An dem Zesummenhang sief gesot, datt de Projet vun de soziale Wunnengen am Duerfkär eng Virbildfunktioun huet an am Kader vun de Energiewoche virgestallt gouf. Gutt viru kommen och d’Aarbechten an der aler Brennerei. Mat den zwou Hondsspillwisen hunn d’Déierefrënn a Besëtzer vu Muppen nei Plazen an der Gemeng. D’Mauer vun der Buerg ass zwar fäerdeg mee hannendru ginn nach weider grouss Aarbechte weider.

 

De Service um Bierger gouf mat verschidde Projeten an Initiativen ausgebaut. Konventioune wéi den “Night Rider” verbesseren d’Mobilitéit, mam “Guide du Citoyen” verfüügt d’Gemeng ee praktesche Guide, den neie Logo ass ee wichtege Schrëtt no vir fir d’Identitéit an d’Kommunikatioun vun der Gemeng ze verbesseren a verschidden Evenementer ënnert enger neier Form goufe vun de Bierger positiv opgeholl.

Fir all dës Projeten an Initiativen ze geréiere gouf mat den neie Mataarbechter Christophe Bastos a Lis Brepsom d’Gemengepersonal erweidert. An Zukunft wäert d’Ekipp weider ausgebaut gi well ënner anerem geplangt ass eng nei Gemeng opzebauen a mat engem optiméierten Accueil de Service um Bierger nach méi effizient ze leeschten.

Ofschléissend koumen ewéi schonns uganks erwäänt d’Andreza Sanguessuga Nene an den Emile Wies zu Éieren. Zanter hirer éischter Wiel an de Gemengerot den 9. Oktober 2005 mat 256 Stëmmen huet d’Andreza Sanguessuga Nene sech onermiddlech fir d’Wuel vun eiser Gemeinschaft agesat. Den nämmlechten Dag gouf den Emile Wies mat 383 Stëmme gewielt. Vum 21. Dezember 2005 an de 26. Oktober 2011 war hie Conseiller, vum 26. Oktober 2011 bis den 8. Oktober 2023 Schäffen an duerno rëm Conseiller. Ee Merci gesot krut och de José Albertino Da Costa Peixoto, deen éischter als “De Berti” bekannt ass. Hien huet an der Ekipp vum Fieschter Marc Hoffmann geschafft an 31. Dezember 2024 war do säi leschte Schaffdag.

No dësem offiziellen Deel goufen nach e puer gemittlech Stonne verbruecht, dëst a musikalescher Begleedung vum “Robert”.

Dernière modification le 20.01.2025

Des articles de la même catégorie

Buergermeeschterdag zu Munneref

Buergermeeschterdag zu Munneref

De Buergermeeschterdag zu Munneref stoung dëst Joer ganz am Zeeche vu Klima an Ëmwelt. Ronn 700 Vertrieder aus dem Gemengesecteur goufe vum Munnerefer Buergermeeschter Steve Reckel begréisst, deen a senger kuerzer Usprooch un den éischte Buergermeeschterdag erënnert...

lire plus
Offres d’emploi

Offres d’emploi

Dans le cadre du renforcement de son équipe, l’administration communale de Beaufort lance deux appels à candidatures pour les postes suivants : Coordinateur sportif communal (employé communal, carrière B1, sous-groupe administratif, m/f) 🔗 Appel à candidatures –...

lire plus
Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1

Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1

23.05.2025 (Fotogalerie)Artikel vum 15.09.2023Nom Congé collectif lo am August hunn d’Ëmbauaarbechte vum neie Gebai fir de Cycle 1 nieft der Sportshal ugefaangen. Dat “al Gebai” gouf pénktlech fir d’Schoulrentrée ofgerappt an op dëser Plaz kënnt een neit Gebai mat...

lire plus
Aller au contenu principal