Elterevertrieder / Représentants des parents

Eng Matdeelung vun den Elterevertrieder / Un communiqué des représentants des parents:

Gudde Moie léif Elteren,

Zanter dem 30. Oktober 2025 hu mir mat Freed d’Roll vun den Elterevertrieder an der Spill- a Primärschoul zu Beefort iwwerholl.

Wärend dësem dräijärege Mandat vertriede mir Är Interessen am Schoulcomité vum Léierpersonal.

Mir sinn Är Uspriechpartner, wann et Froen, Suggestiounen oder och emol Onkloerheete ginn. Zesumme mam Yasmina a Christian, déi eis an der Schoulkommissioun vertrieden, wëlle mir eng staark Bréck tëscht Elteren a Schoul schafen.

Dir kënnt eis ganz einfach iwwer eis E-Mail erreechen: elterevertrieder.beefort@yahoo.com

Mir freeën eis iwwer eng oppen a positiv Zesummenaarbecht a wëllen zesumme mat iech dozou bäidroen, datt eis Kanner eng schéin an harmonesch Schoulzäit erliewen.

Bonjour chers parents,

Depuis le 30 octobre 2025, nous avons le plaisir d’assumer le rôle de représentants des parents à l’école fondamentale et préscolaire de Beaufort.

Durant notre mandat de trois ans, nous défendrons vos intérêts au sein du comité scolaire du personnel enseignant.

Nous restons à votre disposition pour toute question, suggestion ou éventuelle préoccupation. Avec Yasmina et Christian, qui siègent pour nous à la commission scolaire, nous souhaitons renforcer le lien entre les familles et l’école.

Vous pouvez facilement nous contacter par e-mail :
elterevertrieder.beefort@yahoo.com

Nous nous réjouissons d’une collaboration ouverte et positive, et espérons contribuer ensemble à offrir à nos enfants une scolarité agréable et harmonieuse.

Daniel Noé, Yasmina Thill-Schmit, Christian Kröger

Dernière modification le 17.12.2025

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser...

lire plus
Aller au contenu principal