Beaufort
7.6°C (7.4 / 7.8)
92%
979 hPa
1.3 m/s
Raf. 1.8 m/s
0 W/m²
0 mm

Erënnerung un de 16. Dezember 1944

D’Membere vum “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” hu sech de leschte Samschdeg un den Ufank vun der Ardennenoffensiv de 16. Dezember 1944 erënnert. Reegelméisseg komme si zanter Joren ëm de 16. Dezember op Beefort an halen hei hir Gedenkfeier of. Den nërdlechen Deel vu Lëtzebuerg gouf vun dëser Offensiv besonnesch schwéier getraff an och Beefort gouf an deene Woch méi zerstéiert ewéi déi Jore virdrun.

Ugefaangen huet d’Gedenkfeier nieft der Kierch wou no der Ried vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch Blumme bei der Tafel vun de G.I. a virum Monuments aux Morts néiergeluecht goufen. D’Gedenkfeier an der Kierch gouf vum Aumônier Nicolas Wenner zelebréiert a vun de Chorale Sainte Cécile Beefort souwéi “Sang mat Waldbëlleg-Haler” encadréiert.

Uschléissend goufe weider Blumme beim Kummelsbau an och um Schéidbierg néiergeluecht. Bei dëse Momenter huet den Trompettist Edmond Faber fir de musikalesche Kader gesuergt. Ofgeschloss gouf d’Gedenkfeier am Kummelsbau, wou d’Gemeng den Éierewäin offréiert huet an duerno gouf d’Mëttegiessen zerwéiert.

Dernière modification le 16.12.2025

Des articles de la même catégorie

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Dräi Joer nodeems d’Gemeng Beefort beim “European Energy Award Gold” mat 90,7 Prozentpunkten als beschte Gemeng an Europa ausgezeechent gouf, konnt d’Gemeng dëst Resultat nach verbesseren. Haut koum d’Nouvelle, datt beim Audit de 14. Juli am Ganzen 90,8 Prozentpunkten...

lire plus
Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Gëschter gouf d’Beeforter Kiermes gefeiert. Den Datum vun der Kiermes riicht sech nom Méchelsdag (Saint Michel a Patréiner vun der Beeforter Kierch), deen op den 29. September fält. Ass den 29. September ee Sonndeg, da gëtt den 29. September gefeiert an am anere Fall...

lire plus
Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

De leschte Freideg war no Esch an Ëlwen déi drëtt vun insgesamt fënnef Joyeuses Entrées vun der groussherzoglecher Koppel. Zu Éinen stoung d’Regioun Oste mat sengen 22 Gemengen am Mëttelpunkt. Gemeng Beefort gouf offiziell vertrueden duerch de Buergermeeschter...

lire plus
Aller au contenu principal