Europadag mat zouene Grenzen

Um Europadag den 9. Mee hunn eng Rei Lëtzebuerger Stied a Gemengen, zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch a Frankräich, den europäesche Fändel eropgezunn, fir sech fir d’Ouverture vun de Grenzen anzesetzen. Si hu mat dësem symbolesche Geste e staarke Message vu Solidaritéit un all d’Memberstaate vun der Europäescher Unioun geschéckt.

De Beeforter Gemengerot huet sech och un dëser symbolescher Aktioun bedeelegt. Op der Sauerbréck zu Déiljen gouf den Europafändel, deen op Hallefmast stoung, pénktlech ëm 11 Auer ënnert de Kläng vun der Europahymn “Ode an die Freude” héich gezunn. Vu que, datt zu dem Zäitpunkt d’Land an der éischter Phase vun der Lockerung vun den Ausganksbeschränkunge wor, gouf keen allgemengen Opruff gemeet fir sech un dëser Aktioun ze bedeelegen.

Erënnere mer drun, datt eigentlech deen Dag ee gréissert Fest zu Beefort geplangt wor. Nieft dem traditionelle Blummemaart vum Syndicat d’initiative et du tourisme hat d’Integratiounskommissioun eng éischt Editioun vum Europafest mat engem Vide-grenier virgesinn.

Deklaratioun fir den 9. Mee 2020 (L)
Déclaration du 9 mai 2020 (F)

De Video op der Facebook-Säit vun der Gemeng Beefort

 

Dernière modification le 20.08.2020

Des articles de la même catégorie

Klimapakt-Dag mat Beeforter Bedeelegung

Klimapakt-Dag mat Beeforter Bedeelegung

De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit a Klima-Agence hunn op de Klimapakt-Dag 2024 invitéiert, deen an der Chambre des Métiers um Kierchbierg de leschte Freideg stattfonnt huet. Bei dëser Geleeënheet goufen zum Ofschloss d’Klimapakt-Zertifikatiounen...

lire plus
Zwee nei Mataarbechter

Zwee nei Mataarbechter

D’Administratioun vun der Gemeng Beefort krut an de leschte Woche Verstäerkung. Zanter dem 15. Mäerz ënnerstëtzt d’Lis Brepsom de Populatiounsbüro mam Eliane Seiwert a Sandra Michels. An der Gemengerotssëtzung vum 31. Januar stoungen eelef Kandidaten zur Wiel an d’Lis...

lire plus
Buergermeeschterdag zu Munneref

Buergermeeschterdag zu Munneref

62 vun 100 Gemenge ware gëschter beim Buergermeeschterdag am Casino 2000 zu Munneref vertrueden an ënnert den iwwer 650 Leit war och eng Delegatioun vu Beefort vertrueden. Um Buergermeeschterdag sinn net nëmmen d’Buergermeeschteren ageluede mee och Schäfferéit,...

lire plus
Aller au contenu principal