“European Energy Award Gold” fir Beefort

An dësen Deeg gëtt am Kader vun der Klimakonferenz zu Glasgow diskutéiert, wéi eng Klimaziler d’Weltgemeinschaft sech setze wëll. Zur nämmlechter Zäit goufen zu Ravensburg 48 Gemengen, Stied a Landkreeser aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Italien, Liechtenstein, Éisträich a Schwäiz mam gëllenen “European Energy Award” ausgezeechent. Si gëllen als Virbiller a weise mat konkreter a konsequenter Energie- a Klimapolitik, wéi dee Wee zur Klimaneutralitéit ausgesi kann. Aus Lëtzebuerg waren dat Beefort, Mäerzeg, Schëffleng an Useldeng.

Den “European Energy Award” ass een internationaalt Qualitéitsmanagment- an Zertifizéierungsinstrument fir kommunale Klimaschutz, an dem aktuell 18 Länner mat iwwer 1.700 Gemengen an iwwer 60 Millioune Biergerinnen a Bierger deelhuelen. Eng Auszeechnung gëtt iwwerreecht, wann eng Gemeng iwwer 50 Prozent aller méigleche Moossnamen zur Steigerung vun der Energieeffizienz, zur Versuergung mat erneierbaren Energien an zum Klimaschutz ëmsetzt. Setzt eng Gemeng seguer iwwer 75 Prozent aller méiglechen energie- a klimarelevante Moossnamen ëm, sou gëtt si mam “European Energy Award Gold” ausgezeechent. Beefort koum beim internationalen Audit d’lescht Joer op 85,9 Prozent an ass déi éischt Gemeng aus dem Natur- a Geopark Mëllerdall, déi Gold erreecht huet.

An de Joren 2020 an 2021 hu 97 Gemengen den “European Energy Award Gold”-Niveau erreecht. Déi gréisste Stad ass Nantes aus Frankräich mat 640.000 Awunner an Langenegg an Éisterräich mat 1.150 Awunner déi klengste Gemeng. Am Ganze sinn 189 Gemengen europawäit mat “European Energy Award Gold” ausgezeechent. Mat de 85,9 Prozentpunkte läit Beefort an der europäescher Spëtzt an huet grouss Stied ewéi zum Beispill Lausanne, Montreux, Oochen, Bremen, Grenoble, Nantes, Bolzano, Firenze a Vaduz hannert sech gelooss.

D’Gemeng Beefort huet bis elo eng Rëtsch Projeten ëmgesat an eng wichteg Roll iwwerhëlt d’Hackschnitzelanlag mam Nahwärmenetz an d’Holz aus der Regioun hëtzt de komplette Site mam ënner anerem dem Schoulkomplex, Pompjeesbau a Jugendherberge. Photovoltaikanlage op den Diecher ënnerstëtzen déi ëmweltfrëndlech Energieproduktioun. Ee weidert Aushängeschëld ass de Generatiounsgaart, ee pedagogeschen a partizipative Permakultur-Gaart. Schoulkanner kréien dat néidegt Wëssen an der fräier Natur bäibruecht an Erwuessener kënnen un engem vun de sëllegen Atelieren deelhuelen.

Zum Konzept vun der doucer Mobilitéit zielen d’Uschafung vun engem Elektroauto an zwee E-Bikes de Vëloswee um Beeforter Plateau mat enger Vëlofléckstatioun beim Camping. Den Départ ass bei der Kierch, déi mat hirer neier Beliichtung ee wichtege Beitrag géint Liichtverschmotzung leescht. An deem Sënn ginn nei Stroosse mat LED-Luuchten equipéiert an déi bestoend Beliichtung ëmgerëscht. Lokal Veräiner goufe bei der Virstellung vum Spullwon fir d’Veräiner op den neiste Stand vum Klimapakt informéiert an och erkläert ewéi ee “Green Events” organiséiert. Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller ewéi sech d’Gemeng Beefort fir d’Klimaneutralitéit asetzt a sëlleg Moossnamen ëmsetzt.

Am Kader vun der internationaler Goldauszeechnung am Ravensburger Konschtmuseum hunn d’Membere vum Beeforter Klimapakt-Team un enger Rëtsch Workshops deelgeholl. Un Hand vu praktesche Beispiller aus de verschiddene Länner gouf verdäitlecht ewéi ee Projeten ëmsetze kann. Selbstverständlech hunn déi verschidden Usazpunkten dozou gefouert fir nei Iddien ze kréien. Net ze vergiessen eng Visitt guidée vu Ravensburg, bei där nieft der Geschicht vun der Stad och hir Moossnamen a Beiträg zur Klimaneutralitéit virgestallt goufen.

Aus den Hänn vum Gudrun Heute-Bluhm, Presidentin vum “European Energy Award”, hunn d’Claire Picard an den Hubert Sauber vum Service technique d’gëllen Auszeechnung entgéintgeholl. Wärend der Auszeechnungszeremonie huet EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen digital Gléckwënsch de “Gold”-Gemenge geschéckt an d’Wichtegkeet vun den onverzichtbare Beméiungen an Ëmsetzungen vum Wee vun der Klimaneutralitéit ënnerstrach. No der Auszeechnung huet de Beeforter Buergermeeschter Camille Hoffmann am Numm vun der Lëtzebuerger Delegatioun eng Corbeille mat Beeforter Spezialitéiten un d’Gudrun Heute-Bluhm, dem Ravensburger Oberbürgermeister Daniel Rapp an dem Buergermeeschter Dirk Bastin iwwerreecht. Déi lëtzebuerger Delegatioun huet sech zesummegesat aus de Vetrieder vun de Gemenge Beefort, Schëffleng, Useldeng a Mataarbechter vu “myenergy”, déi den Tour op Ravensburg organiséiert hunn. Mäerzeg war digital vertrueden.

Dernière modification le 09.11.2021

Des articles de la même catégorie

Informatiounsowend fir Veräiner

Informatiounsowend fir Veräiner

D’Veräiner aus der Gemeng Beefort waren de leschte Freideg an d’Jugendherberge invitéiert fir un enger Informatiounsversammlung deelzehuelen. D’Thema war dat neit Gesetz fir Associatiounen ouni Gewënnzweck (Asbl) a Fondatiounen, dat zanter dem 23. September 2023 a...

lire plus
Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

A senger Sëtzung de 27. Mäerz huet de Gemengerot d’Zesummesetzung vun de berodende Kommissioune gestëmmt (Rapport fir nozeliesen). E Méindegowend sinn d’Membere vun den eenzelne Kommissiounen an de Kummelsbau zesummekomm fir iwwer de President an de Sekretär...

lire plus
Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Gemeng Beefort huet am Kader vun enger klenger Feier siwe Spiller vun de “Beaufort Knights” geéiert, déi bei der Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun, Grupp A, zu Kirgisistan iwwerraschend op déi drëtt Plaz komm sinn an domadder Bronze-Medail...

lire plus
Aller au contenu principal