Fotogalerie Adventsfënsteren 2023 – Villmools Merci!

Ee grousse Merci u jiddereen, dee sech dëst Joer un der Aktioun vun den Adventsfënstere 2023 bedeelegt huet: Sief dat als Eenzelpersoun, Famill, Veräin, Schoul oder Geschäft. Et ass onméiglech alles opzeziele wéivill flott Stonnen ee wärend de leschte Woche verbruecht huet. Bei engem gudden hausgemaachte Pättchen an enger klenger Stäerkung konnte ee sech gemittlech austauschen an d’Noperschaft besser kenneléieren, déi ee leider dacks sou “en passant” begréisst.

D’Aktioun vun den Adventsfënstere gouf déi éischte Kéier 2019 vun der Kulturkommissioun organiséiert. Schonns déi éischt Editioun war ee grousse Succès an d’Joer drop hunn d’Adventsfënsteren ee groussen Deel bäigedroen, datt sech d’Leit an der däischterer Zäit vum Wanter a wärend der Pandemie rëm zesummen, wann och op Distanz, flott Stonne verbruecht hunn.

Dëst Joer war et déi fënneft Editioun an et ass wënschenswäert, datt 2024 sech vill Leit wäerten un den Adventsfënstere bedeelegen a matmaachen. Mëttlerweil ass et schonns eng kleng Traditioun ginn, déi an den éischten Joren net einfach hat an dach déi schwéier Zäit iwwerstanen huet.

Avis aux Amateurs fir 2024 a jidderengem schéi Chrëschtdeeg an ee glécklecht Neit Joer gewënscht.   

01.12
fräi / libre

02.12
fräi / libre

03.12
Famill Fellerich-Bentz
15, an de klenge Gaarden
L-6315 Beaufort

04.12
fräi / libre

05.12
Famill Weis-Kraus
54, route de Haller
L-6312 Beaufort

06.12
Maison Relais
57, route de Dillingen
L-6315 Beaufort

07.12
Famill Pala
106, route d’Eppeldorf
L-6312 Beaufort

08.12
Famill Bintener-Schaffner
49, Härewiss
L-6315 Beaufort

09.12
Beeforter Duerffrënn
Maison Dussier
5, Montée du Château
L-6314 Beaufort

10.12
Famill Cruchten
11, an de klenge Gaarden
L-6315 Beaufort

11.12
Antoinette Freilinger
21, rue du Château
L-6313 Beaufort

12.12
fräi / libre

13.12
fräi / libre

14.12
Famill Pelletier
29, rue du Bois
L-6314 Beaufort

15.12
Famill Colaco
34, Cloosbierg
L-6350 Dillingen

16.12
Portuga
34, Cloosbierg
L-6350 Dillingen

17.12
Famill Ivelj-Marson
16, an de klenge Gaarden
L-6315 Beaufort

18.12
Famill Georg
13, route de Grundhof
L-6315 Beaufort

19.12
Famill Mossong
82, route d’Eppeldorf
L-6312 Beaufort

20.12
Cycle 4
54, Grand-Rue
L-6310 Beaufort

21.12
Gemeng Beefort
9, rue de l’Eglise
L-6315 Beaufort

22.12
Famill Schreiner
37, Härewiss
L-6315 Beaufort

23.12
fräi / libre

24.12
fräi / libre

Dernière modification le 23.12.2023

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal