Beaufort
4.4°C (4.3 / 4.6)
89%
987 hPa
1 m/s
Raf. 1.4 m/s
0 W/m²
0 mm

Grousse Succès fir “Stones in Vibration”

De leschte Samschdeg huet sech d’Beeforter Schlass bei der éischter Editioun vu “Stones in Vibration” an eng aussergewéinlech Kuliss fir Musek, Kultur a flott Begéinunge verwandelt. Op der Bün stoungen “Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs”, “Don Piano”, “Francis of Delirium”, Eva Marija feat. Daniel Žižka, Irem, Samwell an d’Djen Nosi a Joel Marques. Fir weider Ënnerhalung hunn de Jonn Happi an de Stelzentheater “Circolo” gesuergt.

Wärend d’Beeforter Veräiner an d’Mëllerdaller Produzenten dofir gesuergt hunn, datt keen duuschtereg an hongereg bliwwen ass, konnten d’Visiteuren um “Creators Market” déi villfälteg Kreatiounen an de verschiddene Forme vu lokale Kënschtler bewonneren an och kafen.

Et war een Dag, wou Geschicht, Musek a Mënschen aus dem ganze Land zu Beefort zesummekomm sinn a flott Stonne verbruecht hunn. Besonnesch no Abroch vun der Däischtert huet déi faarweg Buerg den eemolege Site an eng aussergewéinlech Ambiance agedaucht.

Dernière modification le 25.08.2026

Des articles de la même catégorie

De Beeforter 86 ass online

De Beeforter 86 ass online

Nodeems de Gemengebuet déi lescht Woch an der Gemeng verdeelt gouf, ass lo och d'Online-Versioun disponibel. Hei ass de Link: https://beaufort.lu/wp-content/uploads/2026/10/De-Beeforter-86.pdf

lire plus
Méi Sécherheet fir jiddereen

Méi Sécherheet fir jiddereen

391.950 Euro investéiert d’Gemeng Beefort an d’Sécherheet vun de Visiteure vun der Äispist an de komplette Site mam Aktiv-Park abegraff. Dee Montant gouf an der Gemengerotssëtzung vum 16. Dezember 2025 eestëmmeg gestëmmt. An deem Zesummenhank ginn déi zwee Busarrête...

lire plus
Aller au contenu principal