Beaufort
18.1°C (17.8 / 18.5)
47%
979 hPa
2.8 m/s
Raf. 2.9 m/s
0 mm

Gutt Stëmmung bei der éischter “Journée 70+”

De Schäffen- a Gemengerot an Zesummenaarbecht mat de Beeforter Senioren a mat der berodender Kommissioun vum Drëtten Alter hu gëschter op déi éischt “Journée 70+” an de Kummelsbau invitéiert. Bekanntlech sinn et aus traditioneller “Journée 55+” dëst Joer zwou Manifestatiounen entstanen: d’Generatiounsfest an d’”Journée 70+”.

An de leschten Joren ass d’Zuel vun den Awunner an der Gemeng, déi iwwer 55 Joer hunn, ëmmer méi grouss ginn a beim Fest am Kummelsbau war et ëmmer manner Plaz. Aktuell op den 1. November 2025 gekuckt zielt d’Gemeng Beefort 841 Matbierger iwwer 55 Joer. Dat ass de Gronn, datt lo zwou generatiounsiwwergräifend Fester organiséiert ginn.

An enger flotter Gesellschaft an Ambiance gouf sech gutt ameséiert a jidderee krut ee gudde Maufel an ee Pättchen zerwéiert. Fir Animatioun a Musek hunn den “Trio Mélange” an de Leandro William gesuergt. Ënnerstëtzung kruten d’Organisateure vum Anabel a Ricardo vum “Club Aktiv Plus An der Loupescht”.

E puer Andréck vu gëschter:

Dernière modification le 17.11.2025

Des articles de la même catégorie

Thailännesch Konscht a Kultur

Thailännesch Konscht a Kultur

Op een thailännesche Festival, dem Käerzefestival, hunn d’Kommissioun vum Zesummeliewe vun der Gemeng Beefort an d’Associatioun “Wat Thai Buddharama Luxembourg Asbl” gëschter Sonndeg agelueden. Vun 10 bis 18 Auer konnt een um Kiosk d’thailännesch Konscht a Kultur...

lire plus
“Open Air Kino” op der Äispist

“Open Air Kino” op der Äispist

No der Première d’lescht Joer am Juli stoung de leschte Weekend rëm den “Open Air Kino” op der Äispist um Programm. Et war eng gemeinsam Organisatioun vun der Gemeng Beefort zesumme mat der “Elterevereenegung Beefort”, de “Beeforter Duerffrënn”, den “Knight-Riders...

lire plus
Aller au contenu principal