Beaufort
25.1°C (24.5 / 25.3)
51%
973 hPa
2 m/s
Raf. 2.5 m/s
0 mm

Gutt Stëmmung beim Beeforter Europadag

Passend zum Europafändel huet sech d’Wieder um Europadag presentéiert: Bloen Himmel an d’Sonn huet geschéngt. Lues awer sécher entwéckelt sech den Europadag zu Beefort zu engem feste Bestanddeel vum Manifestatiounskalenner. Déi éischt Editioun, déi vun der deemoleger Integratiounskommissioun an d’Liewe geruff war, hätt sollen 2020 stattfannen a gouf wéinst der Pandemie annulléiert. Eréischt 2022 konnt déi éischt Editioun iwwert d’Bühn goen an dat war direkt een Erfolleg. Leider huet d’lescht Joer d’Wieder net sou richteg matgespillt an dëst Joer war et rëm ee Succès.

Déi fréier Integratiounskommissioun heescht zanter dësem Joer Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen an ass, ewéi déi aner berodend Kommissiounen, zanter dem 15. Abrëll funktionell. A gutt dräi Wochen huet si an Zesummenaarbecht mat der Gemeng, de Beeforter Veräiner a Geschäftsleit ee flotte Programm opgestallt.

Ugefaang huet den Dag mat “Jabutri Zauberkunst”, dee besonnesch déi jonk Visitteure begeeschtert huet. Méi haart a fetzeg Téin aus der “Rock ‘n’ Roll”-Zäit koume vun de “C.C. Riders”, déi un d’Liewensgefill vun deemools erënnert hunn. Tom Lehnert, Daniel Fastro a Fred Barreto trieden zesummen ënnert dem Numm “The Odd Blues Reunion” op. Hire Blues-Rock huet seguer déi jéngst Musikfans begeeschtert a véier vun hinnen hunn de Concert aus der éischter Rei verfollegt.

Eng Kombinatioun aus Aerobic a Musek ass Zumba. Jonk Mamme vun Iechternach hu mat de Kanner mam “Zumba Fitness” eng flott Ambiance geschafen a méi wéi een huet sech vun der Dynamik ustieche gelooss.

Wéi gewinnt hunn d’Veräiner fir Iessen a Drénke gesuergt. Mat engem Infostand war d’Associatioun “Mir wëllen iech ons Heemecht weisen” präsent, wou traditionell Kaffiszeremonie aus Eritrea vun de Flüchtlingen, déi zu Beefort ënnerbruecht sinn, gehale goufen.          

Dernière modification le 10.05.2024

Des articles de la même catégorie

Grousse Succès fir “Stones in Vibration”

Grousse Succès fir “Stones in Vibration”

De leschte Samschdeg huet sech d’Beeforter Schlass bei der éischter Editioun vu “Stones in Vibration” an eng aussergewéinlech Kuliss fir Musek, Kultur a flott Begéinunge verwandelt. Op der Bün stoungen “Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs”, “Don Piano”, “Francis of...

lire plus
Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Aller au contenu principal