Zanter 1993 gëtt all Joer op dem 22. Mäerz de Weltwaasserdag gefeiert an zanter 2003 gëtt dësen Dag vun “UN-Water” organiséiert, enger Ënnerorganisatioun vun de Vereenten Natiounen. Am Virfeld vum Weltwaasserdag gouf e Freideg, den 21. Mäerz, de Waasserbaseng “op der Heed” a Präsenz vum Inneminister Léon Gloden an Ëmweltminister Serge Wilmes feierlech ageweit.
Ee kuerze Bléck an d’Geschicht vun der Waasserversuergung an der Gemeng Beefort erkläert firwat dëse Waasserbaseng eng besonnesch Bedeitung huet. All Uertschaft aus der Gemeng hat säin eegene Waasserreseau mat eegene Quellen, déi net matenee verbonne waren. De 27. Februar 1975 gouf eng Konventioun mat der Gemeng Waldbëlleg ënnerschriwwe fir Quellen aus dem Mëllerdall unzezapen an iwwert d’Vugelsmillen op Beefort ze pompelen. Esou gouf een zweet Standbeen opgebaut. Mat der Zäit huet d’Waasserqualitéit vun de Beeforter Quellen net méi den Normen entsprach an d’Waasser aus dem Mëllerdall gouf geholl fir et mam Beeforter Waasser ze vermëschen. Déi Prozedur ass herno och net méi duergaangen an et ass näischt méi iwwereg bliwwe fir ausschliisslech Waasser aus dem Mëllerdall zu Beefort ze verdeelen.
De 27. Abrëll 2016 huet de Gemengerot de Projet vum Waasserbaseng “op der Heed” mat enger gréisserer Autonomie fir d’Beeforter Waasserversuergung gestëmmt. Änlech ewéi viru 40 Joer gouf decidéiert een zweet Standbeen opzebauen. Gutt zwee Joer méi spéit, den 1. Juni 2018, hunn d’Iwwerschwemmungen am Mëllerdall bal fir eng grouss Katastroph gesuergt. Glécklecherweis huet de Bulli d’Pompelstatioun op der Vugelsmille gerett. Duerch den ugesammelte Buedem virun der Dier huet d’Waasser manner Drock ausgeüübt an d’Dier konnt der grousser Belaaschtung standhalen. Am anere Fall hätt Beefort fir eng onbestëmmten Zäit keen Drénkwaasser gehat.
De Waasserbaseng “op der Heed” ass d’Häerzstéck vum neie Waasserreseau, deen an nächster Zukunft wäert funktionéieren. Um Hondsbierg zu Déiljen steet mëttlerweil ee Waasserbaseng an eng Pompelstatioun. D’Waasser aus deem Anzuchsgebitt geet duerch eng Drénkwaasseropbereedungsanlag um Cloosbierg op den Hondsbierg bruecht fir vun do aus op Déiljen a Grondhaff verdeelt ze ginn, awer och op Beefort an den neie Waasserbaseng eropzepompelen. Hei kënnt schonns d’Waasser aus dem Mëllerdall un a gëtt zu Beefort verdeelt. Wann den neie Reseau a Betrib ass, da ka souguer am Noutfall Waasser vu Beefort op d’Statioun Hondsbierg geliwwert gi fir zu Déiljen a Grondhaff d’Waasserversuergung ze sécheren.
De Waasserbaseng “op der Heed” ass zudeem een interkommunale Projet, deen ausgeluecht ass fir eng interregional Roll ze iwwerhuelen. Zwou Cuve vu 400 Kubikmeter si fir d’Gemeng Beefort bestëmmt an eng drëtt identesch Cuve fir Reisdorf a vläicht nach aner Gemengen. Bei Iwwerschwemmunge vun der Sauer kann d’Qualitéit vum Drénkwaasser zu Reisduerf net garantéiert ginn an esou déngt de Beeforter Waasserbaseng als Sécherheet, op deen een am Noutfall zeréckgräife kann.
Gebaut gouf de Waasserbaseng tëschen 2019 an 2023 an duerch d’Pandemie sinn d’Käschte reegelrecht explodéiert an zäitgläich a Verzuch geroden. Dank de Subside vum Inneministère an dem Ëmweltministère belafe sech d’Käschte fir d’Gemeng Beefort aktuell op 3.813.114,57 Euro. Dobäi kommen nach weider Investitiounen an de kompletten neien an op de leschte Standpunkt vun der Technik Waasserreseau.